Ee vun de mächtegste Männer aus dem Museksgeschäft muss sech e Méindeg wéinst sëllege Sexualdelikter viru Geriicht veräntwerten. Wat blitt dem "Diddy"?

Den Ugekloten
De Sean Combs gehéiert zu den erfolleg- an aflossräichste Persounen an der Museksindustrie. Ob als Chef vu sengem Plackelabel Bad Boy Records, als Acteur oder als Artist - wou seng Pseudonymmer Diddy, P. Diddy, Puffy oder Puff Daddy drop stinn, ass de Succès quasi garantéiert. Dem Combs säi Liewensstil ka mat ausschwäifend bezeechent ginn. Seng Partye mat internationale Staren aus dem Jetset gëllen als berüchtegt a ginn him finalement och zum Verhängnes.

De 16. September 2024 gëtt de Sean Combs zu New York festgeholl. Joerzéngtelaang hätt hie Persounen aus sengem Ëmfeld dozou gezwongen, seng sexuell Wënsch z'erfëllen a gläichzäiteg säi Ruff ze schützen souwéi säi Verhalen ze verstoppen. Mat dëse Leit hätt de Combs e kriminellt Netzwierk opgebaut, dat sech dem Sexhandel, der Zwangsaarbecht, der Entféierung, der Brandstëftung, der Bestiechung an der Behënnerung vun der Justiz schëlleg gemaach hätt. De Museker ass wéinst Sexhandel an organiséierter Kriminalitéit ugeklot.

D'Virwërf

Dem Diddy seng Defense huet e puermol versicht, hire Mandant op Kautioun aus dem Prisong erauszekréien, ouni Erfolleg. Zanter September sëtzt de Puff Daddy am Brooklyn Metropolitan Detention Center an Untersuchungshaft. Hie plädéiert awer an allen Uklopunkten op net schëlleg. Kuerz virum Prozess, deen de 5. Mee ufänkt, huet hien och eng aussergeriichtlech Eenegung refuséiert. Hie muss sech also sécher sinn, dass d'Virwërf géint seng Persoun zréckgewise wäerte ginn. Den eenzege Punkt, an deem d'Geriicht dem Ugekloten entgéintkomm ass, ass de vun der Kleedung. Amplaz vun der bronger Tenue aus dem Prisong wäert de Combs sech no senge Wënsch kleeden dierfen.

Seng Exfrëndin Casandra Ventura war am November 2023 déi Éischt, déi dem Combs ëffentlech sexuelle Mëssbrauch virgeworf huet. Nodeems e Video publizéiert gouf, an deem hie seng fréier Partnerin kierperlech ugräift, haten déi 2 sech an engem Verglach gëeenegt. Dono koum et zu am Ganzen 62 weideren ziville Kloen. Optakt vum Prozess ass e Méindeg zu New York mam Choix vun der Jury, déi iwwert den Ugeklote wäert urteelen. Eleng dee Virgang ka sech schonn iwwer Deeg zéien. De Combs wëllt vun Ufank u perséinlech am Geriichtssall dobäi sinn. Kamerae wäerten net erlaabt sinn.

De Prozess
De Riichter, deen de Prozess leede wäert, heescht Arun Subramanian, d'Casandra Ventura wäert als Zeien aussoen. Dräi aner presuméiert Affer kréien d'Méiglechkeet, ënnert engem Pseudonym aussoen ze dierfen. Dem Combs seng Verdeedegung behaapt, dass keng Persoun zu den ausschwäifenden Orgie vum Rapper gezwonge gi wier. Näischt u sengem Lifestyle wier illegal. D'Uklo wäert ouni Zweiwel musse beweise kënnen, dass Gewalt am Spill war, oder dass d'Affer géint hire Wëllen ënner Droge gesat a vergewaltegt goufen. Dem Rapper, dee vu 4 Affekote vertruede wäert ginn, blitt bei enger Verurteelung liewenslaange Prisong.

Wien weess wéi vill a seet wat aus? Wat gëtt de Puffy vläicht zou? Aus der Welt vun de Stare ginn et bis dato nëmme wéineg Aussoen zum Prozess vum Joer. D'Exfrëndin Jennifer Lopez huet sech bis haut net geäussert an och den Jay-Z, deen eng Zäit laang eng änlech Uklo huet misse fäerten, hält sech bedeckt an ass zanter Woche mat senger Fra Beyoncé Knowles ënnergedaucht.

Wat kënnt duerno?
Um wéi vill Auer de Prozess vum Joer wäert ufänken, gouf net bekannt gemaach. Et gëtt domat gerechent, dass de Fall iwwer Woche wäert verhandelt ginn. An egal mat wéi engem Urteel d'Saach wäert ausgoen, ass et mat Sécherheet en déiwe Fall vum fréier sou mächtegen Entrepreneur. An domat wäert et och nach net gehale sinn. Onofhängeg vum Prozess zu New York ginn et entretemps sëllegen zivil Kloe géint de Combs. E Cabinet vun Affekoten aus dem texanesche Houston vertrëtt entretemps 120 Fraen a Männer, déi den Diddy verklot hunn.