10 Doudeger a China, nodeems Touriste-Booter ënnergaange sinn

© LIU XU XINHUAXinhua via AFP
Wéinst staarkem Wand sinn e Sonndeg am Nomëtteg direkt e puer Passagéierbooter an engem Floss an der Provënz Guizhou ëmgekippt.
84 Persoune wieren dobäi vu Bord gaangen, mellt e Méindeg déi staatlech Tëleeschaîne CCTV. 70 vun dëse Persoune koumen an d'Spidol, 4 Persoune goufen net blesséiert. 10 Mënschen hunn net iwwerlieft.
Eng Enquête hätt dann och erginn, dass d'Booter net iwwerluede gewiescht waren, sou CCTV weider. De chineesesche President Xi Jinping fuerdert "ëmfaassend Efforte" bei der Sich, der Rettung an der Behandlung vu Blesséierten, esou déi staatlech Agence Xinhua. De President Xi huet Berichter no dann och ënnerstrach, wéi wichteg eng Verschäerfung vun de Sécherheetsmesurë bei Touristenattraktiounen an op gréisseren Eventer wier.
De stellvertriedende Regierungschef Zhang Guoqing ass dann och op d'Onglécksplaz gereest, fir sech e Bild vun de Rettungsaarbechten ze maachen.