D'Gazasträif ass ronn 7 Mol méi kleng wéi Lëtzebuerg an dach wunnen an der Regioun bal 4 Mol sou vill Leit.

No iwwer annerhallwem Joer Krich plangt Israel offensichtlech eng "Eruewerung" vun der Gazasträif. Eng entspriechende Plang gouf Regierungskreesser no an der Nuecht op e Méindeg decidéiert. Kuerz virdrun hat den israeelesche Chef vun der Arméi, den Ejal Samir eng Auswäitung vum Militärasaz géint d'Hamas an der Gazasträif annoncéiert.

E klenge Fleck Äerd

Mat 2,4 Milliounen Awunner, op enger Surface vun nëmmen 365 Quadratkilometer, ass d'Gazasträif eent vun den am dichtste besidelt Gebitter op der Welt. Fir sech dat besser virzestellen: Siwe Mol géif d'Gebitt an de Grand-Duché passen an dach wunnen hei ronn 3,6 Mol méi Leit. Iwwer 41 Kilometer laanscht d'Mëttelmierküst zitt sech d'Gazasträif, dat awer bei enger Breet vun tëscht nëmme 6 bis maximal 12 Kilometer. Am Norden an am Südoste grenzt d'Palestinensergebitt un Israel, am Südwesten un déi ägyptesch Sinai-Hallefinsel.

Ëmmer nees eng Bün vu Kricher

Nom Waffestëllstand tëscht Israel an Ägypten um Schluss vum arabesch-israeelesche Krich am Joer 1949, gouf d'Gazasträif ënnert d'Verwaltung vun Ägypte gestallt. An den nächste Joerzéngten hunn ëmmer nees israeelesch Truppen d'Gebitt besat. 1994 gouf d'Gazasträif am Kader vun de Friddensverträg vun Oslo e palestinensescht Autonomie-Gebitt, bis September 2005 sinn alleguerten déi israeelesch Siidler an Zaldoten dunn ofgezunn.

RTL

© MAHMOUD ABU HAMDA ANADOLUAnadolu via AFP

Am Januar 2006 huet dunn déi radikal-islamesch Palästinenser-Organisatioun Hamas bei de Parlamentswalen an der Gazasträif déi absolut Majoritéit kritt an huet ugefaangen, d'Gebitt mat Gewalt z'iwwerhuelen. Als Reaktioun do drio huet Israel eng Loft-, Land-, a Mieresblockad an d'Weeër geleet. Ägypten huet de Persounen- a Wuereverkéier un der südlecher Grenz mat der Gazasträif staark limitéiert.

Zënterhier goufen et fënnef gréisser Kricher tëscht der Hamas an Israel, dat an de Joeren 2008, 2023, 2014, 2021 an elo deen aktuelle Krich, deen am Oktober 2023 ugefaangen huet a bis elo dauert.

Eng jonk, urban Populatioun

Op e Quadratkilometer kommen an der Gazasträif iwwer 6.500 Awunner. Virum Krich hu ronn dräivéierel vun de Leit a Stied gewunnt. Eleng an der Stad Gaza wunnen dem US-Auslandsgeheimdéngscht CIA 778.000 Leit.

An d'Populatioun an der Gazasträif ass jonk: 47% vun den Awunner si méi jonk wéi 18 Joer, nëmme ronn 4,8% sinn iwwer 60 Joer al, sou d'Zuele vun der palestinensescher Statistik-Agence. Wéinst dem héijen Taux vu Gebuerten, nämlech 3,4 Kanner pro Fra, wiisst d'Populatioun an deem Gebitt all Joer ëm 2,7 Prozent. Scho virum Krich war déi humanitär Situatioun an der Gazasträif schlecht. Iwwert 4/5 vun der Populatioun lieft an Aarmut, 46,6% vun de Leit, also bal all Zweeten huet keng Aarbecht. Bei de Leit tëscht 15 an 29 Joer läit de Chômage souguer bei 62,3%.

De Vereenten Natiounen no sinn zënter Ufank vum aktuelle Krich am Oktober 2023 ronn 90% vun de Bewunner vum Gebitt op d'mannst eemol verdriwwe ginn.

Déi jéngst Ausernanersetzungen

Am Krich tëscht Israel an der Hamas koumen der Santés-Agence an der Regioun, déi vun der Hamas kontrolléiert gëtt, zënter Oktober 2023 bis ewell 52.500 Leit ëm d'Liewen. Dëse Krich ass domadder dee Konflikt, mat de bis ewell meeschten Doudegen.