Läich vun Joggerin Agathe Hilairet, déi vermësst gouf, gouf fonnt

© PHILIPPE LOPEZ AFP
De Kierper wier dee vun der 28 Joer aler Agathe Hilairet, déi den 10. Abrëll bei Vivonne verschwonne war, kuerz nodeems se jogge gaangen ass.
De Kierper vun der Fra gouf e Sonndeg an niddregem Gestrëpp fonnt, esou de Parquet vu Poitiers e Méindeg. "D'Autopsie hätt bis elo nach net konnte feststellen, wéi d'Fra gestuerwen ass. Eng ganz Rei zousätzlech Analyse wieren nach am Gaangen", heescht et vum Procureur Cyril Lacombe an engem Communiqué. Ob e Gewaltverbrieche virläit oder net, ass dohier onkloer.
Zënter dem 10. Abrëll gouf no der jonker Fra gesicht, dobäi waren eng honnert Gendaarmen zu Vivionne an der Vienne am Asaz. Eng Woch méi spéit gouf Sichaktioun ofgebrach. D'Agathe Hilairet ass nämlech op där Streck, déi d'Police ofgesicht huet, reegelméisseg lafe gaangen. Dat war och den 10. Abrëll nees de Fall, wéi si d'Elterenhaus verlooss huet. Zënterhier huet vun der Fra all Spuer gefeelt.
E Méindeg da gouf et déi traureg Gewëssheet, datt d'Läich vun der Fra fonnt ginn ass. Detailer iwwert d'Ëmstänn vun hirem Doud feelen nach.