Mat den neie Mesurë vum US-President huet d'Kritik aus dem Filmsecteur vun Hollywood net laang op sech waarde gelooss.

"WE WANT MOVIES MADE IN AMERICA, AGAIN", sou huet den Donald Trump e Méindeg op senger Social-Media-Plattform Truth Social geschriwwen. Vun elo u soll et dem "Department of Commerce" erlaabt sinn, 100 Prozent Stroftaxen op all Filmer, déi aus dem Ausland kommen an do gedréint goufen, ze setzen. Grond dofir soll sinn, datt d'Filmindustrie an den USA am Moment engem séieren Doud an och Propaganda ausgesat wier, wann d'US-Filmer am Ausland gedréint ginn. Sou d'Wierder vum US-President weider.

Kritik gouf et doropshin direkt och aus Hollywood. Sou heescht et ënner anerem, den US-President géing net verstoen, wéi d'Filmindustrie funktionéiert. Betraff sinn nämlech virun allem och US-amerikanesch Hollywood-Produktiounen, déi hir Filmer am Ausland dréinen. "Wann de Stunt ass, datt den Tom Cruise den Eiffel-Tuerm eropklëmmt, wat solle mir da maachen, bei der Eiffel-Tuerm-Replik zu Las Vegas dréinen?", sou huet sech de Journalist an Affekot aus dem Entertainment-Secteur Jonathan Handel vis-à-vis der AFP geäussert. Vill Filmer, vun James Bond bis Mission Impossible, wieren deemno am Ausland gedréint ginn. Och aus kreative Grënn ass déi nei Mesure vum Donald Trump eng Aschränkung fir US-amerikanesch Filmproduzenten.