Mat zwee bloen Aen, ass de Friedrich Merz en Dënschdeg an d'Schlass Bellevue gaangen.

Hei gouf hie vum däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier zum zéngten däitsche Bundeskanzler ernannt.

Dat nodeems hien am Bundestag eréischt an engem zweete Walgang zum neien däitsche Regierungschef gewielt gouf. Um Dënschdegmoien hat hien déi néideg Stëmmen net am éischten Tour zesummekritt.

D'Parlament huet sech allerdéngs drop gëeenegt, dass nach um Dënschdeg en zweete Vott stattfënnt.

7 Stonnen nom 1. Tour hunn déi Deputéiert am däitsche Parlament da fir d'zweete Kéier gewielt. Géint 16 Auer sinn 325 Stëmmen zesummekomm; 9 méi ewéi néideg sinn. Sou dass de Merz schliisslech dach nach zum Kanzler gewielt gouf.

RTL

Nei däitsch Regierung kënnt nach um Dënschdeg zesummen

No der Ernennung duerch de Bundespresident ass et fir de Friedrich Merz dann zeréck an de Reichstag gaangen. Hei gouf hie vun der Presidentin vum Bundestag, der Julia Kloeckler als däitsche Bundeskanzler vereedegt.

Kuerz no 18 Auer kruten iwwerdeems och déi 17 Ministerinnen a Minister vun der neier däitscher Regierung vum Bundespresident Steinmeier hir Ernnenungsdokumenter. Géint 19.20 Auer goufen déi nei Regierungsmemberen dann am Parlament vereedegt. Déi nei däitsch Regierung kënnt nach am Laf vum Dënschdegowend fir en éischte Conseil beieneen.

Schonn um Mëttwoch reest deen neien däitsche Regierungschef da fir seng éischt Auslandsvisitten op Warschau an op Paräis.

Echec am 1. Vott eng politesch Katastroph?

En Echec am éischte Walgang ass eng Première an ee klore "Schuss vor den Bug" ass et allemol...an eng zolidd op de Bak aus den eegene Reie fir de Merz, deen domat fragiliséiert a lädéiert an déi nächst Joren erageet. Heimat gerechent hat allemol keen.

Wat war geschitt?

6 Stëmmen hu gefeelt, fir am éischten Tour gewielt ze ginn - deemno hunn op d'mannst 18 Deputéiert vun der schwaarz-rouder Koalitioun dem Merz hir Stemm net ginn - dat nennt ee wuel e komplette "Faux-départ" - well d'Wal geheim war, ass nëmmen driwwer ze spekuléieren, wien des Deputéiert waren. Op 316 Stëmmen hätt de Merz misste kommen, 310 waren et um Enn - faktesch hätt den designéierte Kanzler awer kéinte mat 328 Stëmme rechnen.
 
Dat gouf et bis ewell an der Geschicht vun der Bundesregierung nach ni, well all Kanzler bis ewell am éischten Tour d'néideg Majoritéit krut. Denkbar knapp zwar zum Beispill 1949 fir Adenauer oder 1994 fir den Helmut Kohl - an awer koume se duerch. Mir hunn et  mat engem historesche Novum ze dinn.
 
Op den Echec vum Friedrich Merz huet och de Lëtzebuerger Premier reagéiert. De Luc Frieden schwätzt vun Helsinki aus um RTL-Mikro vun engem historesche Partner Däitschland, verstoppt awer net seng Deceptioun.

"Dat ass e schlechte Start. Mee de System vun Däitschland gesäit och vir, datt ee kann e puer Tier maachen. An ech sinn zouversiichtlech, datt an engem vun deenen Nächsten  de Friedrich Merz als Bundeskanzler gewielt gëtt. An datt déi CDU-SPD Majoritéit, eng staark Majoritéit aus der Mëtt kann Däitschland regéieren. Et ass wichteg fir d'Demokratie Däitschland. Et ass wichteg fir Europa. An duerfir hoffen ech, datt dat hei e klengen Accident de parcours war an datt mer net eng Zäit vun Onstabilitéit an Däitschland hunn, déi schlecht wär och fir eis als Noper."
 

De Luc Frieden iwwer e "schlechte Start" vum Merz

Nom Echec am éischten Tour koum de Merz dann direkt mat sengen enkste Conseilleren an de Leit vun der SPD, de Vize-Kanzler Klingbeil inclus fir eng ad hoc Krise-Reunioun beieneen. D'Ambiance muss execrabel gewiescht sinn. D'Kanzler-Party gouf in extremis annuléiert.

RTL

Freed bei der AfD

D'Parteicheffin Weidel huet op X geschriwwen huet, datt dëst "beweise géing, op wéi enger schwaacher Basis déi kleng Koalitioun aus Unioun an der ofgewielter SPD gebaut wier".

D'Alice Weidel

Emotional ugeschloe koum iwwerdeem den CDU-Generalsekretär Carsten Linnemann aus der Krise-Fraktiouns-Reunioun. Hien huet un d'Responsabilitéit vun allen Deputéierten appelléiert, fir sech hannert de Friedrich Merz ze stellen.

De Carsten Linnemann

RTL