De Premier Luc Frieden war e Méindeg op Besuch a Finnland, ënner anerem am renomméierten technesche Recherchezenter VTT.

Et war eng Visitt, déi op d'Invitatioun vum finnesche Premier Petteri Orpo zréckgaangen ass. Lëtzebuerg huet zanter iwwer honnert Joer diplomatesch Relatioune mat Finnland. D'Land ass zwar net de gréissten Handelspartner fir Lëtzebuerg, ass awer och net onwichteg. Am Joer 2022 huet Lëtzebuerg Wueren am Wäert vun 122 Milliounen US-Dollar a Finnland exportéiert, dozou gehéieren haaptsächlech Produiten aus der Stolindustrie. Importéiert goufe Wueren am Wäert vun 69 Milliounen US-Dollar, virun allem fir d'Industrie, ënner anerem Enzymer, industriell Fettsaieren a rouden Zénk.

Finnland ass awer virun allem technesch immens wäit developpéiert an och dofir interessant fir Lëtzebuerg. D'Visitten  e Méindeg stounge ganz am Zeeche vun der Recherche an der Technologie. Beim VTT, dem renomméierten technesche Recherchezenter a Finnland, krut de Premier bei senger Visitt hire Supercomputer presentéiert. Et ass den éischte 50-Qubit-Quantecomputer an Europa.

Dëse 50-Qubit-Quantecomputer gouf an dräi Phasen entwéckelt, mat Hëllef vun 21 Milliounen Euro Budget vun der finnescher Regierung. Als éischt hu mer e 5-Qubit-Computer developpéiert, duerno ee vun 20-Qubit. Dee gouf dunn nach emol verbessert, en  ass  zanter  Mäerz  a  Betrib  a  gëtt  all  Dag  benotzt. Dëse Computer gëtt benotzt, fir besser d'technesch Ofleef ze kalkuléieren. Rechenaufgaben, fir déi en normale Computer Méint brauch, ginn hei a Sekonne geléist. E grousse Schrëtt fir d'Recherche.

Lëtzebuerg huet jo mëttlerweil säi Supercomputer, e Quantecomputer soll och nach hei dran integréiert ginn. Lëtzebuerg developpéiert déi Technologie awer net selwer, hei ass Finnland immens staark. Déi politesch Entrevuen, eng Kéier wéi gesot mam finnesche Premier, duerno och mam President Stubb, kommen awer réischt en Dënschdeg. Hei gëtt d'Méiglechkeet genotzt, fir iwwer aktuell geopolitesch Sujeten an transatlantesch Relatiounen ze diskutéieren. Mee och d' Cybersécherheet, eng besser Resilienz an déi ekonomesch Relatioune wäerte beschwat ginn.