Um Dënschdeg um 14 Auer war ee Mann virun der Entrée vun der "Europagalerie" zu Saarbrécken duerch säi Behuelen der Police opgefall.

Hien huet mat der Aaxt op en hëlze Buedem geschloen. Wéi hie bemierkt huet, dass d'Police ënnerwee war, ass hie Richtung Gare fortgelaf, ouni seng Aaxt.

De Mann gouf verhaft, seng Aaxt saiséiert.