"Quantum-Technologie: do ass Lëtzebuerg ganz staark dran. D'Finnen nach méi"
D'Zil vun der Aarbechtsvisitt a Finnland war et, déi politesch an ekonomesch Relatioune mam EU-Staat a rezenten NATO-Member weider ze verdéiwen.
An d'Lëtzebuerger Delegatioun bréngt genuch Fudder, fir opzeschaffen, mat.
De Kontrast tëscht der Finnland-Visitt vum fréiere Premier Xavier Bettel 2019 an där vum Luc Frieden dës Kéier kéint kaum méi staark sinn: Toppthema deemools: EU-Budget an Brexit – haut Krich, an d'Course, fir den europäesche Kontinent nees ekonomesch attraktiv ze maachen.
Bei der Visitt en Dënschdeg an der offizieller Residenz vum finnesche Premier Petteri Orpo gëtt kloer, datt déi eege finanziell Stabilitéit a weider militäresch Investitiounen – souguer fir e Land ewéi Finnland just schwéier ënnert en Hutt ze kréie sinn. D'Land ass eent vu 16 Länner, dat d'EU ëm Erlabnis gefrot huet, méi Scholde fir nei Defense-Investissementer opzehuelen.
De Petteri Orpo, finnesche Premier:
"Mir sinn den Ament an enger schwiereger Situatioun a Finnland. Eis Ekonomie wiisst zanter Joren net méi richteg. En anere Problem ass d'Populatioun, déi ëmmer méi al gëtt. Mir musse Milliarden an eise Gesondheetssystem stiechen. An dann hu mer och Russland direkt niewendrun. Eng permanent Menace. Mir mussen immens vill an eis Verdeedegung investéieren."
An awer weist ee sech optimistesch, och vu Lëtzebuerger Säit. Iwwert déi nächst Méint soll d’Partnerschaft mat Finnland a ville Beräicher weider intensivéiert ginn. Eng Rei Lëtzebuerger Ministere sollen iwwert déi nächst Méint no méigleche Kooperatioune sichen.
De Luc Frieden, Lëtzebuerg Premier:
"Dëst am Beräich zum Beispill vun de Satellitten. Ech war gëschter bei Nokia. Deenen hir Netzwierker mussen och iwwer Satellitte funktionéieren.Quantum-Technologie: do ass Lëtzebuerg ganz staark dran. D’Finne sinn nach méi staark. Och an esou Beräicher kënne mer zesummeschaffen."
An dat och bei der Preparatioun géint verschidde Riske bei der eegener Sécherheet. Et gëllt hei, de Privatsecteur an ONGen zesumme mat de klasseschen Acteuren, ewéi dem Militär oder dem CGDIS, méi no zesummenzebréngen.
De Luc Frieden:
"Wann Terroriste Kabelen duerchschneiden, wann eis Informatik attackéiert gëtt – bis hin zu engem méi klasseschen terroristeschen oder krichsänlechem Zenario. Net well mer mengen, datt dat muer geschitt. Mee mir gesinn an Europa, an der Welt, datt nei Risken entstinn. Dacks och hybrid Attacken. A wann ee gutt preparéiert ass, da reagéiert een net aus der Angscht, mee et seet een och aneren, et huet guer kee Sënn eis ze attackéieren, well mer preparéiert sinn."
Hei gouf dem Haut-Commissariat de la Protection den Optrag ginn, d'Lëtzebuerger Krisepläng ze iwwerkucken. An eng Preparatiounsstrategie op d'Been ze stellen. Bëssen nom finnesche Prinzip.
Zum Ofschloss vun der Rees gouf et dann och nach eng kuerz Entrevue mam finnesche President Alexander Stubb.