Brand vun zwee Wunngebaier am Quartier Tréier-Feyen

© Agentur SIKO via Input-Presse
Am Quartier Trier-Feyen gouf et en Dënschdeg e groussen Asaz vu Police a Pompjeeë wéinst engem Brand vun zwee Wunngebaier.
Wéi d'Stad Tréier mellt, ass warscheinlech en Heckebrand géint 15 Auer op déi zwee Gebaier iwwergaangen. Nieft enger groussraimeger Spärung vum Beräich goufen och d'Grondschoul an d'Crèche an der Géigend geraumt. D'Kanner wiere vun der Police an de Pompjeeë betreit ginn, bis d'Eltere si konnte siche goen.
Wéinst der staarker Dampentwécklung waren eng 100 berufflech Secouristen op der Plaz. Donieft waren och eng Partie Hëllefsorganisatiounen an d'Lëtzebuerger Air Rescue mat hirem Rettungshelikopter am Asaz.
D'Awunner goufen iwwer e Warnsystem opgeruff, Dieren a Fënsteren zouzeloossen. Doriwwer eraus goufen och d'Sireenen an der Géigend ausgeléist, fir d'Leit ze warnen.
Et wier awer kee beim Brand blesséiert ginn, wéi d'Stad Tréier preziséiert. D'Meldunge vun zwee liicht Blesséierte konnte vun de Rettungsdéngschter net confirméiert ginn.