En Dënschdeg huet den US-President Donald Trump am Wäissen Haus annoncéiert, dass d'Huthi-Miliz am Jemen kapituléiert hätt.

Wéi et vum amerikanesche Staatschef geheescht huet, hätten d'Huthi gesot, dass si keng amerikanesch Schëffer méi géifen attackéieren an drëm gebieden, net méi bombardéiert ze ginn. Hie géif dës Annonce eescht huelen, sou den Donald Trump. D'USA géifen alleguer hir Attacken op d'Huthi mat Effet immédiat astellen.

Israel weist sech iwwerrascht

Weider Detailer, wéi et elo soll am Jemen weidergoen, sinn nom Trump senger Annonce nach net gewosst. Den US-President ass och net op d'Attacke vun den Huthi op Israel agaangen. Aus israeelesche Militärkreesser heescht et iwwerdeems, datt ee vum Donald Trump senger Annonce iwwerrascht ass, an net am Virfeld informéiert gewiescht wier.

Nach kuerz virun der Annonce gouf et en israeelesch-amerikaneschen Ugrëff op den internationale Fluchhafe vun der jemenittescher Haaptstad Sanaa. Dem Gesondheetsministère no, deen ënner Kontroll vun den Huthi ass, dräi Persoune bei der Attack gestuerwen an 38 wiere blesséiert ginn.

Pro-iranesch Miliz huet sech net zu US-Annonce geäussert

Onmëttelbar no der Attack op de Fluchhafen huet et vun den Huthi nach geheescht, dass dës net géif onbeäntwert bleiwen. Zu der Annonce vum Donald Trump huet déi pro-iranesch Miliz sech nach net geäussert.