D'Temperature bleiwen zwar och dëst Joer weiderhin iwwerduerchschnëttlech héich, leien awer ënnert de Rekorder vun 2024.

Den Abrëll 2025 war deen zweetwäermsten Abrëll weltwäit, mat enger duerchschnëttlecher Uewerflächentemperatur vu 14,96°C, wat 0,60°C iwwer dem Abrëll-Duerchschnëtt vun 1991 bis 2020 läit. Dat stellt Copernicus, den Äerdobservatiounsprogramm vun der EU, a sengem Rapport fir de leschte Mount fest.

RTL

© Copernicus

Zwar war den Abrëll 2025 0,07°C méi kal wéi de Rekord-Abrëll 2024, dofir awer 0,07°C méi waarm wéi den drëttwäermsten Abrëll 2016.

Da louch den Abrëll dëst Joer ausserdeem 1,51°C iwwer dem geschaten Duerchschnëtt vun 1850 bis 1900, dee fir d'Definitioun vum virindustriellen Niveau benotzt gëtt. Doriwwer eraus war et den 21. Mount an de leschten 22 Méint, an deem déi global duerchschnëttlech Temperatur vun der Uewerfläch méi wéi 1,5°C iwwer dem virindustriellen Niveau louch.

RTL

© Copernicus

Europa an aner Regiounen

Iwwer dem europäesche Festland louch d'Duerchschnëttstemperatur am Abrëll Copernicus no bei 9,38°C an domat 1,01°C iwwer dem Duerchschnëttswäert fir den Zäitraum 1991 bis 2020. Domat war et de sechswäermsten Abrëll an Europa.

Iwwerduerchschnëttlech waarm war et dem Rapport no iwwer Osteuropa, Westrussland, Kasachstan an Norwegen, wärend et an der Tierkei, am Oste vu Bulgarien an a Rumänien iwwerduerchschnëttlech kal war.

Baussent Europa waren d'Temperaturen am Oste vu Russland an am Weste vun Zentralasien iwwerduerchschnëttlech héich, grad ewéi am gréissten Deel vun Nordamerika, engem Deel vun Australien, der Antarktescher Hallefinsel an der Westantarktis.

Temperatur vun der Mieresuewerfläch

Mat 20,89°C gouf am Abrëll, och wat d'Temperatur vun der Mieresuewerfläch ugeet, den zweethéchste Wäert registréiert. Domat louch en allerdéngs 0,15°C ënnert dem Rekord vun Abrëll 2024.