Geriicht a Kenia huet jonk "Seechomesseschmuggler" verurteelt

© Photo by Tony KARUMBA / AFP
5.000 Seechomesse wollten d'Belsch aus dem Kenia an Europa schmuggelen, well d'Déieren e klengt Verméige wäert sinn.
7.000 Euro mussen déi véier Männer elo bezuelen, nodeem si vun engem Geriicht zu Nairobi wéinst Wëlldéiere-Schmuggel verurteelt goufen. Sollte si d'Suen net kënnen opdreiwen, musse si ee Joer an de Prisong. Bei enger Razzia Mëtt Abrëll waren déi zwee Teenager aus der Belsch an een aus dem Vietnam um Bord vum Nationalpark Hell's Gate mat den Déieren erwëscht ginn. Kuerz drop gouf nach e kenianesche Kompliz festgeholl.
Am Gepäck vun de Belsch an dem Vietnames goufen Testréiercher a Sprëtze fonnt, an deenen d'Déiere vun der Aart "Messor Cephalotes" a Watt verstoppt waren. Fir eng Kinnigin vun där Zort bezuele Sammler bis zu 200 Euro. Dem Geriicht no haten d'Seejomessen e Wäert vu ronn 80.000 Euro.
Déi zwee jonk Belsch, déi béid grad emol 18 Joer al sinn, soten, si selwer wieren Enthusiaste vun den Déieren an hätten aus Naivitéit gehandelt. Ee vun hinnen hätt eegenen Aussoen no 2.500 Kinniginne fir 175 Euro kaf. Dës Ausso beweist fir d'Riichterin awer, datt dëst méi wéi just en Hobby wier. Géif ee bei enger méi grousser Spezies 5.000 Déieren ewechhuelen, esou hätt dëst scho bal genozidär Ausmoossen. An hirer Erklärung vum Urteel huet d'Njeri Thuku dofir och festgehalen, datt och kleng Déierenaarte musse geschützt ginn.
Déi kenianesch Autoritéit fir Naturschutz steet hannert dem Urteel a gesäit et als e kloert Signal géint den Handel mat Déieren. Normalerweis erwëschen d'Ermëttler Leit, déi Elfenbein oder aner Stousszänn vu groussen Déiere wëlle schmuggelen. Dëst ass den éischte bekannte Fall aus dem Kenia, wou Seechomesse sollte geschmuggelt ginn.