D'Casey Means, déi éischter als Influencerin oder Autorin bekannt ass, kritt elo ee vun den héchste Posten an der US-Gesondheet.

Quasi a leschter Sekonn huet den US-President seng Decisioun, wien op de Poste vum Surgeon General kënnt, geännert. U sech sollt d'Plaz un d'Medezinnerin an unerkannt Medezin-Journalistin Janette Nesheiwat goen. Fir si war och eng Unhéierung am US-Senat fir en Donneschdeg ugesat.

D'Means ass och eng studéiert Medezinnerin, praktizéiert am Ament awer net als Doktesch. Am Joer 2024 huet si d'Buch "Good Energy" publizéiert, dat den Zesummenhang tëscht Ernierung a Gesondheet ënnersträicht. D'Means bezeechent sech als "fréier Chirurgin a Verfechterin vun der Stoffwiesselgesondheet".

Si wäert ënnert dem Gesondheetsminister Robert F. Kennedy Jr. schaffen. Dëse selwer ass ëmstridden, ënner anerem, well hie Verschwörungen iwwer d'Corona-Pandemie verbreet huet.

Wisou hien a leschter Sekonn de Posten anescht verginn huet wéi geplangt, huet den US-President net erkläert. US-Medien no hätt sech déi politesch Aktivistin Laura Loomer, déi dem Trump nosteet, géint d'Nesheiwat ausgeschwat. D'Loomer hat hir Positioun domadder ënnerstrach, datt d'Nesheiwat sech fir d'Vaccine géint de Coronavirus ausgeschwat hat.

D'Loomer selwer, déi ënner anerem Verschwörungstheorie iwwer dem 11. September verbreet, hat den Trump schonn dozou bruecht, héichrangeg Beamten ze'entloossen, dorënner de Chef vun der NSA, de Generol Timothy Haugh.

Zu der Roll vun der neier Surgeon General huet den Trump op Truth Social geschriwwen, datt d'Means zesumme mam Gesondheetsminister Kennedy doru géif schaffen, fir d'Agenda vu senger Regierung géint d'"Epidemie vun de chronesche Krankheeten" ëmzesetzen an eng "groussaarteg Gesondheet (...) fir all d'Amerikaner" sécherzestellen.

De Surgeon General gëtt vum US-President perséinlech ernannt. Si oder hien huet zwar just e limitéierte Pouvoir, kann awer eng wichteg Roll bei der Vermëttlung vu Gesondheetsinformatioune spillen.