International klëmmt d’Suerg, datt ee Krich kéint ausbriechen. D’EU huet déi 2 Atommuechten nees opgeruff, déi géigesäiteg Attacken direkt ze stoppen.

Si sollte sech zeréckzehalen, fir d’Zivilisten ze schützen. Béid Länner attackéiere sech zanter Deeg géigesäiteg. An der Nuecht op en Donneschdeg nach huet déi indesch Arméi Loftofwiersystemer am Pakistan viséiert an zerstéiert. Wéi et vun der indescher Regierung heescht, hätt een domat wëllen op geplangte pakistanesch Attacken op Ziler am Norden a Weste vun Indien reagéieren.

Ausléiser vum sougenannte Kaschmir-Konflikt war eng terroristesch Attack den 22. Abrëll am indeschen Deel vun der Kaschmir-Regioun. 26 Mënschen, an der Haaptsaach indesch Touristen, waren dobäi em d’Liewe komm.