Putin lueft "Courage" vun de russeschen Zaldoten an der Ukrain

© Photo by TATYANA MAKEYEVA / AFP
Traditionell organiséiert Russland den 9. Mee grouss Paraden, mat deenen d'Victoire iwwer Nazi-Däitschland gefeiert gëtt.
Am Kader vun dëse Festivitéiten huet de russesche President Wladimir Putin de "Courage" vun den Zaldote gelueft, déi fir Russland an der Ukrain kämpfen. "Mir sinn houfereg op hire Courage an hir Entschlossenheet, op hir Onerschëtterlechkeet, déi eis ëmmer d'Victoire bruecht huet", esou de Putin e Freideg virun dausende vun Zaldoten a ronn 20 auslännesche Staats- a Regierungscheffen op der Rouder Plaz.
Ganz Russland steet hannert der Offensiv an der Ukrain, esou de Kreml-Chef weider. "Dat ganzt Land, d'Gesellschaft an d'Vollek ënnerstëtzen d'Deelhuelen un dëser spezieller Militäroperatioun". Ënnert de ronn 11.000 Zaldoten, déi present waren, ware Staatsmedien no och 1.500 Mann, déi an der Ukrain gekämpft hunn.
Am ganzen hunn Zaldoten aus 13 verschiddene Länner un der Parad deelgeholl, dorënner aus Nordkorea, China, dem Vietnam, dem Myanmar an Ägypten. "Ech wënschen hinnen an all hire Zaldoten all Guddes", esou de Putin zu méi Offizéier aus Nordkorea, déi op de Biller, déi op der Staatstëlee ausgestraalt goufen, ze gesi waren.
A senger Usproch zum 9. Mee huet de Kremlchef ëmmer nees Parallellen tëscht dem Zweete Weltkrich an der Offensiv an der Ukrain gezunn, déi hie jo am Februar 2022 ordonéiert hat. Russland "war an bleift eng onzerstéierbar Barrière géint Nazismus, Russophobie an Antisemitismus", esou de Putin.
D'Stad war mat roude Fändele gerëscht. Ënnert den héichrangege Gäscht aus dem Ausland waren nieft dem chineesesche Staatschef Xi Jinping och de brasilianesche President Luiz Inacio Lula da Silva. Och Vertrieder aus dem Kasachstan, Belarus, Vietnam, Armenien, Kuba a Venezuela waren op den Tribünen.
Als eenzege Regierungschef aus der EU war, trotz Warnungen aus Bréissel, de slowakesche Ministerpresident Robert Fico op Moskau gereest. Och de President aus Serbien Aleksandar Vucic, dee jo gutt Relatioune mam Kreml huet, war present.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hat d'Evenement zu Moskau als "Parad vum Zynismus" bezeechent. De Putin hat am Kader vun der Gedenkfeier eng Wafferou vun dräi Deeg am Krich mat der Ukrain annoncéiert. Kiew hat Russland awer virgeworf, dës selwer gebrach ze hunn.
E Freideg kommen d'EU-Ausseminister fir Berodungen an der westukrainescher Stad Lwiw zesummen. Den zweete Weltkrich war virun 80 Joer op en Enn gaangen, dat duerch d'Kapitulatioun vun der däitscher Wehrmacht. A Westeuropa gëtt den 8. Mee un dësen Dag geduecht, ma a Russland, wéinst der Zäitverschibung, eréischt den 9.