"Et ass wichteg, haut Demokratie hei ze feieren an net zu Moskau"

© MAE
Am Kader vum Treffe vun den EU-Ausseminister zu Lviv ass och de Lëtzebuerger Vertrieder Xavier Bettel an déi ukrainesch Stad gereest.
80 Joer nom Schluss vum zweete Weltkrich koumen e Freideg dann och d’EU-Ausseministeren am westukraineschen Lviv fir eng Gedenkfeier an en informellt Treffen zesummen. Den ukrainesche Ausseminister Andrij Sybiha huet déi europäescher Kolleegen invitéiert. Wéinst der Zäitverschibung feieren Russland an aner deemoleg Sowjetrepublicken de Joresdag vum Enn vum Krich den 9. an net den 8. Mee.
Mat op der Plaz ass och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel: "Hei an der Ukrain gëtt haut d’Fräiheet an Demokratie gefeiert. Et gëtt e Friddenswëlle gefeiert. Et gëtt eng Volontéit Wäerter ze deelen. Zu Moskau gëtt den Ament bal probéiert, d’Geschicht frësch ze schreiwen, an deem ee seet, mir sinn déi gutt. Et soll een net soen, d’Russe wieren ni déi gutt gewiescht. An hirer Vergaangenheet ware se och emol op der richteger Säit. Mä den Ament si se et net. An deem Sënn ass et wichteg, haut Demokratie hei ze feieren an net zu Moskau.”
Mä och hei ass ee sech innerhalb vun der EU net ëmmer zu 100 Prozent eens. Wärend e Vertrieder vum slowakeschen Ausseministère zu Lviv vertrueden ass, sëtzt de slowakesche Premier op der Tribüne zu Moskau. Vun der EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas koum d’Annonce, datt russesch agefruere Fongen am Wäert vun enger Milliard Euro an déi ukrainesche Rëschtungsindustrie wäerten investéiert ginn.
“De But ass och hei éischter symbolesch," esou de Xavier Bettel. "Et gëllt den Europadag an engem Land ze feieren, dat méi Europa wollt kréien, an haut awer leider an enger Krichssituatioun sinn.”
D’nächst Woch gëtt zu Lëtzebuerg Demande vun der ukrainescher Säit an der Reunioun vum Conseil des Ministres vum Conseil de l’Europe presentéiert, fir e “Spezial-Tribunal” ze schafen. Mat dësem géif déi fräi Welt weisen, datt en Aggressiounskrich net ouni Konsequenze gefouert ka ginn. Russland soll virun dësem fir säin Ugrëffskrich géint d’Ukrain responsabel gemaach ginn. Vu Lëtzebuerger Säit gëtt dës Initiativ ënnerstëtzt, esou de Lëtzebuerger Ausseminister: “Dat hëlleft awer den Ukrainer och nees eppes als Géigegewiicht bei de Mesuren ze hunn wann et herno zu Negociatioune kënnt.”
Pressecommuniqué
Journée de l’Europe: Xavier Bettel en Ukraine avec les ministres des Affaires étrangères européens en signe de solidarité et d’unité (08-09.05.2024)
Communiqué par : ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur
Le 9 mai 2025, Xavier Bettel, Vice-Premier ministre et ministre des Affaires étrangères et européennes, s’est rendu à Lviv en Ukraine pour marquer la Journée de l’Europe aux côtés des ministres des Affaires étrangères européens et en présence du Premier ministre et du ministre des Affaires étrangères ukrainiens.
Les ministres se sont réunis à Lviv pour envoyer un message fort d’unité et de solidarité européenne face à l’agression russe contre l’Ukraine. Cette visite témoigne de l’engagement concret de l’UE en faveur des valeurs de liberté, de démocratie et de paix.
Alors que le régime du Président russe Vladimir Poutine tente de légitimer son invasion brutale à travers des commémorations militarisées, l’Europe choisit de se tenir aux côtés de l’Ukraine, qui lutte chaque jour avec courage et résilience pour son indépendance, pour sa souveraineté, pour son intégrité territoriale et pour un avenir commun européen.
Le ministre Bettel a déclaré: « Tandis que Moscou cherche à justifier sa guerre au nom des commémorations de la Seconde Guerre mondiale, nous sommes ici, aux côtés de avec nos amis ukrainiens, pour défendre un avenir européen fondé sur la liberté, la paix et l’unité. »
Par ailleurs, les ministres européens, rejoints par des représentants japonais, australiens et canadiens, ont échangé avec leurs collègues ukrainiens sur les avancées concernant l’établissement, sous l’égide du Conseil de l’Europe, du Tribunal spécial pour le crime d’agression contre l’Ukraine, qui représente un élément important pour tenir responsable la Russie pour son agression contre l’Ukraine.