An enger schaarfer Attack huet de Josep Borrell, de fréiere Chef vun der EU-Aussepolitik, Israel kritiséiert.

Déi komplett Zerstéierung vun der Gazasträif mam Zil d’Awunner ze deportéieren wier kloer e Genozid. Déi disproportionéiert Gewalt an den Asaz vun Hongersnout als Krichswaff wieren e flagrante Verstouss géint d’Mënscherecht. De Josep Borrell kritiséiert och, dass d’EU der Katastroph passiv nokuckt.

No 19 Méint Krich rëtscht déi rietsextreem Regierung an Israel ënnert der Féierung vum Premier Benjamin Netanyahu moralesch komplett of. Et mécht een offiziell keen Heel méi aus de wierklechen Absichten, déi de leschte Sonndeg am Regierungsrot decidéiert goufen. D’Geiselen, déi nach an der Gewalt si vun der Hamas, hu keng Prioritéit a ginn als Kollateralschued notéiert. Et ass keng eenzeg vun de 59 zanter der neier Invasioun am Mäerz fonnt ginn. Dausenden an Dausende Reserviste ginn agezunn. D’Zil ass elo eng ethnesch Botzaktioun am palestinenseschen Territoire, eng permanent Deportatioun. D’Zivilpopulatioun a Gaza kritt systematesch liewesnoutwenneg Hëllef verwiert a gëtt erhéngere gelooss. Hongersnout als Krichswaff anzesetzen ass ee schwéiere Verstouss géint internationaalt Recht. 
 
Hisham Muhanna – Internationale Comité vum Roude Kräiz: 
"Zanter bal zwee Méint, wou den Zougank vun humanitärer Hëllef gestoppt gouf, ass déi humanitär Situatioun extreem batter ginn. Fir vill Leit gëtt et ëmmer méi haart nach dat Allernéidegst ze fannen. Den Internationale Comité vum Roude Kräiz hëlleft de Gemeinschaftskiche mat waarme Moolzechten fir Dausenden an Dausende Familljen all Dag, mee mir kënnen dat héchstens nach zwou oder dräi Woche weiderféieren."
 
D’Liewensmëttel ginn de Leit aus. Et ass awer keng natierlech Hongersnout, wou Hëllef méiglech wier, mee eng muttwëlleg provozéiert, wou Hëllef net erlaabt gëtt. Méiglecherweis d’Mëttel fir de Muechterhalt vun enger Regierung ze garantéieren. Dat selwecht gëllt natierlech och fir de Gesondheetsberäich. Och dee steet virum Zesummebroch, warnen international Hëllefsorganisatioune wéi Médecins sans Frontières. Dat 3 Joer jonkt Masa Omar huet eng Knachekrankheet.
 
Dalia Abu Mohsen – Mamm vum Mara Omar
"D’Iwwerweisung for meng Duechter ass prett. Mir hunn all d’Pabeieren, mir waarde just op den Uruff. Mir wësse net wéini… haut, d’nächste Mount, d’nächst Joer. Déi israeelesch Arméi huet all d’Grenzen zougemaach. Och elo Rafah. Et gëtt weider bombardéiert. Mäi Meedchen ass am Spidol, jo, mee nach ëmmer a Gefor."
 
Bezalel Smotrich – israeelesche Rietsextremist
"Mir huele Gaza an, mir botzen et an iwwerhuelen iwwerall d’Kontroll. Endlech, no annerhalwem Joer. Mir iwwerhuelen och déi humanitär Hëllef fir dass se net vun der Hamas genotzt gëtt. Mir trennen d’Hamas vun der Zivilpopulatioun a vun der humanitärer Hëllef. Mir eliminéieren d’Hamas a mir bréngen d’Geiselen heem. Dat ass deen eenzege Wee."
 
D’Hamas ass eng Terrororganisatioun, déi israeelesche Militär an och Zivilisten attackéiert hat. Vun Israel als Natioun erwaart d’Weltcommunautéit allerdéngs do amstand ze sinn en Ënnerscheed ze maachen. Fir den Ament ënnerbitt Tel Aviv awer all Minimum vu Moral an mënschleche Wäerter.