Putin proposéiert direkt Gespréicher mat der Ukrain

© Photo by Sergey Bobylev / RIA Novosti / ANADOLU / Anadolu via AFP
Zu Istanbul solle sech Delegatiounen aus béide Länner fir direkt Gespréicher treffen.
Nom Ultimatum aus Kiew huet de russesche President Wladimir Putin der Ukrain direkt Gespréicher fir déi aner Woch proposéiert. Déi kéinte schonn en Donneschdeg zu Istanbul ufänken, sou de Kremlchef an der Nuecht op e Sonndeg. Nach dëse Sonndeg schonn wéilt hie mam tierkesche President Recep Tayip Erdogan schwätzen. An der Hoffnung, datt ee weider bereet ass zu enger Friddensléisung am Krich mat bäizedroen.
Russland wier un "eeschte Verhandlungen ouni Virbedéngungen" interesséiert a géif virschloen, domadder "schonn den nächsten Donneschdeg de 15. Mee zu Istanbul unzefänken", sot de russesch President viru Journalisten am Kreml. "Mir schléissen net aus, datt mir eis an dëse Gespréicher op eng Wafferou eenege kënnen", esou nach de Kreml-Chef.
Op déi konkret Fuerderung no enger Wafferou vun 30 Deeg ass de Wladimir Putin allerdéngs net direkt agaangen. Dat hate Kiew an d'Staats- a Regierungscheffen aus dem Weste gefuerdert, déi e Samschdeg fir eng Solidaritéitsvisitt an der Ukrain waren.
Eng direkt Opfuerderung un d'Ukrain virun dëse Gespréicher oder un d'Alliéiert vun der Ukrain gouf et bei dëser Ausso keng. De Putin huet weider erkläert, datt et net Russland war, déi d'Gespréicher am Joer 2022 ofgebrach haten. "Et war Kiew", esou de russesche Staatschef weider. "Eis Propos läit um Dësch, d'Decisioun läit vun elo u bei den ukraineschen Autoritéiten." De Putin huet nach dozou gesot, datt senger Meenung no déi ukrainesch Spëtzepolitiker net am Sënn vum Vollek, mä vun hire politeschen Ambitiounen handelen.
Den US-President Donald Trump, dee jo bekanntlech de Krich an der Ukrain a 24 Stonnen op Enn brénge wollt, sot sech sengersäits prett, fir weider mat béide Säiten ze verhandelen.
Iwwerdeems huet d'Ukrain eng nei russesch Dronenattack op Kiew gemellt. D'Loftofwiersystemer hätte probéiert, se ofzewieren, sou de Buergermeeschter Vitali Klitschko.
D'Wafferou, déi zanter en Donneschdeg a Kraaft war, ass och elo offiziell eriwwer. Béid Säite hate sech virdru scho géigesäiteg reprochéiert, se gebrach ze hunn.