Tréier
Police konnt Mann, dee mat Messer a Foussgängerzon ënnerwee war, festhuelen

Hannert der Porta Nigra zu Tréier fänkt d'Foussgängerzon un. / © Photo by HARALD TITTEL / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Zu Tréier war e Samschdeg am Nomëtteg an der gutt besichter Foussgängerzon en alkoholiséierte Mann mat engem laange Messer ënnerwee.
Wéi d'Police matgedeelt huet, haten e puer Passanten de Mann gemellt, well hien duerch säin ausfalend Verhalen opgefall war. D'Beamte wieren direkt op d'Plaz gaangen an hätten de Mann séier gestoppt. Den Alkoholtest war positiv an de Mann koum an den Arrest. Wéi et heescht, hätt awer ze kengem Zäitpunkt eng Gefor fir d'Leit ronderëm bestanen.
Am meeschte gelies