Extrem konservatiivt Lager: Leo XIV. ass "anti-Trump an anti-amerikanesch"

© ALBERTO PIZZOLI AFP
Mam Leo XIV. huet d'kathoulesch Kierch elo fir d'éischte Kéier an hirer Geschicht e Poopst, deen an den USA gebuer gouf.
Seng Wiel gouf a sengem Heemechtsland quasi unanime begréisst, mä et gëtt och Warnungen a Froen.
Den neie Poopst Leo XIV. ass 1955 zu Chicago gebuer, mä hien huet e groussen Deel vu sengem Déngscht als Geeschtlechen am Peru verbruecht. Et war och als peruaneschen Äerzbëschof, dass hie vum Poopst Franziskus zum Kardinol ernannt gouf. Hien huet souwuel déi amerikanesch wéi och déi peruanesch Nationalitéit.
Hie gëtt dowéinst och a méi engem groussen Sënn als amerikanesche Poopst ugesinn. Esouwuel als éischten US-amerikanesche Poopst, mä och als latäinamerikanesche Poopst, deen d'Aarbecht vu sengem Virgänger wäert weiderféieren.
An den USA selwer waren déi éischt Reaktioune quasi ausnamslos positiv. Ronn 20% vun der amerikanescher Populatioun si Katholicken, mee d'Freed iwwer d'Wiel vun engem Jong vu Chicago zum Poopst geet wäit iwwert d'kathoulesch Kreesser eraus.
An engem seelene Moment vu politescher Unitéit hu souwuel Demokrate wéi och Republikaner hiren Houfert op den neie Poopst deklaréiert. De President Donald Trump huet gesot. et wier eng grouss Éier fir d'Land, an och de fréiere President Joe Biden, dee selwer Katholik ass, huet dem neie Poopst gratuléiert a fir hie gebiet.
Mä net all vun Donald Trump senge Supportere si begeeschtert vum neie Poopst, Amerikaner hin oder hier. De Steve Bannon zum Beispill, ee laangjärege politesche Strategist vum extrem-rietse Bord a Mataarbechter vum Donald Trump, huet sech schockéiert gewisen iwwert d'Wiel. Den neie Poopst wier anti-Trump an anti-amerikanesch, an et wier nëmmen eng Fro vun der Zäit, bis déi Zwee, de Leo XIV. an den Donald Trump, sech an den Hoer leien.
Warscheinlech huet en domat esouguer Recht. Den neie Poopst huet d'Politik vum Donald Trump scho wärend senger éischter Amtsperiod kritiséiert, an et ass gewosst, dass hien och net d'Accord ass mat der amerikanescher Regierung hirer aktueller anti Immigratiounspolitik. Mä hien huet och déi Demokratesch Partei an den USA kritiséiert, net zulescht wéinst där hirem Asaz fir d'Recht op d'Ofdreiwung.
Et bleift och nach ze gesinn, ob d'Wiel vum neie Poopst déi US-amerikanesch kathoulesch Kierch nees ka vereenegen. Déi ass nämlech grad esou gespléckt tëscht Konservativen a Liberale wéi de Rescht vum Land.