Den US-President Donald Trump soll wëlles hunn, e Luxus-Jet aus dem Katar als Kaddo unzehuelen, an als "Air Force One" ze notzen.

Dat mellt déi amerikanesch Tëleeschaîne "ABC", déi de Fliger als e Palais, dee flitt, bezeechent. Iwwerdeems soll den Donald Trump och virhunn, de Fliger no senger Amtszäit weider ze notzen. Wärend de Katar Berichter, an deenen de Fliger als Kaddo bezeechent gëtt, als falsch bezeechent, huet den Donald Trump säi Plang verdeedegt.

Sollt d'US-Regierung de Fliger unhuelen, wier dësen den deierste Kaddo, dee si jeemools kritt hätt, sou "ABC". Wéi d'Tëleeschaîne an d'"New York Times" mellen, soll de Plang, d'Maschinn aus dem Katar unzehuelen, am Kader vum Donald Trump senger Rees an d'Golfregioun bekannt gemaach ginn. Den US-President besicht vum 13. bis de 16. Mee Saudi-Arabien, de Katar an déi Vereenegt Arabesch Emirater.

Fliger geet als éischt un d'amerikanesch Loftwaff

Dem Wäissen Haus an dem US-Justizministère no wier de Kaddo legal. Et géif sech net ëm Bestiechung handelen, well de Fliger net am Echange fir e bestëmmt Gefalen oder eng bestëmmten Handlung géif ugeholl ginn. Dat mellt "ABC" a berifft sech dobäi op Regierungskreesser.

Aus dëse géif et dann och heeschen, dass de Kaddo net géint d'amerikanesch Verfassung géif verstoussen. D'Maschinn géing nämlech als éischt un den US-Loftwaff goen, déi se dann un d'Presidente-Bibliotéik vum Donald Trump géif iwwerstellen. Domat wier de Fliger ni un eng individuell Persoun verschenkt ginn.

Déi sougenannten "Emoluments Clause" vun der amerikanescher Verfassung verbitt et Membere vun der Regierung, Kaddoen, finanziell Wäerter, en Déngscht, en Titel oder soss anzwousch eppes vun engem Kinnek, engem Prënz oder engen auslännesche Staat, ouni Zoustëmmung vum Kongress, unzehuelen. Den Donald Trump géif dës Klausel allerdéngs ëmgoen, andeems hien de Fliger no senger Amtszäit u seng Presidente-Bibliotéik iwwerstellt.

Katar reagéiert zeréckhalend op Berichter

Den Donald Trump huet e Sonndeg op sengem Social-Media-Déngscht "Truth Social" geschriwwen, dass de Fliger en temporäre Kaddo wier, deen un de Verdeedegungsministère geliwwert, an eng 40 Joer al Maschinn ersetze géif. Hien huet an deem Kontext vun enger transparenter Transaktioun geschwat, dat allerdéngs ouni de Katar explizitt ze nennen. Hien ass och net op eventuell méiglech Géigeleeschtungen agaangen. Amplaz huet hien den Demokrate reprochéiert, onnéideg Sue fir eng nei "Air Force One" wëllen auszeginn.

De Katar reagéiert iwwerdeems zeréckhalend op d'Berichter. Den Ament géifen de katareschen an den amerikaneschen Ausseministère préiwen, ob een den USA de Fliger kéint iwwerginn, fir dass dës en als "Air Force One" kënnen notzen, sou de Medien-Attaché vum Katar zu Washington D.C.. Et wier allerdéngs nach keng konkret Decisioun gefall.

Kritik aus béide politesche Lager an den USA

An den USA hunn iwwerdeems esouwuel d'Republikaner ewéi och d'Demokraten ethesch Bedenke géint de Plang geäussert.

D'Laura Loomer, eng rietsextreem politesch Aktivistin, déi dem Donald Trump nosteet, schreift op "X", dass et eng Schan fir d'US-Regierung wier, wann dës de Fliger géing unhuelen. Et kéint ee kee Kaddo am Wäert vu 400 Milliounen Dollar vun "Dschihadisten am Kostüm" akzeptéieren.

Vun den Demokraten heescht et, dass de Plang de Beweis dofir wier, dass den Donald Trump d'Presidentschaft mëssbraucht, fir sech perséinlech finanziell Virdeeler ze verschafen. De Senateur Chris Murphy huet de Plang als "héichgradeg illegal" bezeechent. D'Deputéiert am Representantenhaus Kelly Morrison huet vun "héichgradeger Korruptioun" geschwat. Et géing sech bei esou engem Kaddo ëm Bestiechung handelen, déi géint d'Verfassung verstéisst.

Berichter no soll den Trump de kataresche Fliger besichtegt hunn, ewéi dësen am Februar vum Fluchhafe vu Palm Beach stationéiert war. Den US-President weist sech schonn zanter laangem onzefridde mat de Maschinne vun der "Air Force One". Ugangs dës Joers hat d'US-Regierung matgedeelt, dass een Alternativen zum Produzent Boeing géing iwwerpréiwen. Dat nodeems bekannt gouf, dass et bei der Liwwerung vun zwou neie Maschinne vum US-Produzent zu Retarde wäert kommen.