Ägypten prett fir Behandlung vu PatientenGrenziwwergang Rafah a béid Richtunge fir Zivilisten op

AFP, iwwersat vun RTL
No zwee Joer ass d'Grenz bei Rafah nees op. All Dag sollen Ziviliste kënne wärend sechs Stonnen a béid Richtungen an- oder ausreesen.
Op der ägyptescher Säit vum Grenziwwergang Rafah waarden Ambulanzen op Patienten den 1. Februar 2026.
Op der ägyptescher Säit vum Grenziwwergang Rafah waarden Ambulanzen op Patienten den 1. Februar 2026.
© AFP

De wichtege Grenziwwergang Rafah tëscht der Gazasträif an Ägypten ass engem israeelesche Beamten no e Méindeg a béid Richtunge fir d’Leit opgaangen. No der Arrivée vu Vertrieder vun der EU-Missioun Eubam wier de Grenziwwergang “elo fir de Persouneverkéier op, souwuel fir d’Arees wéi och fir d’Ausrees”, sot den israeelesche Beamten.

Den ägyptesche Sender Al-Kahera News, deen dem Geheimdéngscht no steet, huet gemellt, datt an den éischten Deeg vun der Ouverture all Dag a béid Richtunge jeeweils 50 Leit de Grenziwwergang notzen dierfen.

Dem israeeleschen ëffentleche-rechtleche Sender Kan no géingen e Méindeg 50 Leit an d’Gazasträif areesen. Donieft sollten, sou de Sender, viraussiichtlech ronn 150 Leit, dorënner 50 Patienten, d’Gebitt a Richtung Ägypten verloossen dierfen. De Grenziwwergang soll deemno all Dag fir ronn sechs Stonnen op sinn.

Op der ägyptescher Säit vum Grenziwwergang koumen e Méindeg e puer Dose Leit un an hunn op hir Arees an d’Gazasträif gewaart, wéi d’Noriichtenagence AFP op der Plaz gewuer gouf.

E Sonndeg war d’Grenz fir d’éischt Kéier zanter zwee Joer opgemaach ginn - allerdéngs a ganz limitéiertem Ëmfang. Wéi déi israeelesch Autoritéit fir zivil Affären an de palästinensesche Gebidder Cogat mellt wier d’Ouverture Deel vum Ofkommes zu der Wafferou tëscht Israel an der Hamas. D’Ouverture gëtt der Autoritéit no vun der EU-Zivilmissioun Eubam begleet.

Biller vun der AFP vun e Sonndeg hunn Ambulanzen op der ägyptescher Säit gewisen, déi dorop gewaart hunn, Patienten aus der Gazasträif opzehuelen. Si solle fir d’éischt d’Méiglechkeet hunn, dat palästinensescht Gebitt ze verloossen. E Vertrieder vum Gesondheetsministère, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt, huet iwwerdeem erkläert, datt eng 200 Patienten op d’Autorisatioun waarden, d’Gebitt ze verloossen.

Al-Kahera News no hätt den ägyptesche Gesondheetsministère matgedeelt, datt 150 Spideeler an 300 Ambulanze virbereet wieren, palästinensesch Patienten opzehuelen. 12.000 Dokteren an 30 Noutfallekippe wiere bereet, fir d’Palästinenser ze versuergen.

Rafah ass deen eenzege Grenziwwergang aus der Gazasträif, deen net iwwer Israel féiert. E gouf fréier vill fir Hëllefsliwwerunge genotzt. D’UNO an international Hëllefsorganisatiounen hate schonn zanter laangem eng Reouverture vun der Grenz gefuerdert, allerdéngs manner limitéiert wéi elo vun Israel annoncéiert.

Back to Top
CIM LOGO