Ukrain15 Doudeger no russescher Dronenattack an der Stad Pawlohrad

RTL Lëtzebuerg
E Bus mat Grouwenaarbechter wier getraff ginn, esou d'Informatioun vun ukrainesche Medien.
© HIROTO SEKIGUCHI/The Yomiuri Shimbun via AFP

D’Ukrain mellt 15 Doudeger bei enger russescher Dronenattack an der Stad Pawlohrad. Siwe Persoun wiere blesséiert ginn. Eng russesch Kampfdron soll ukrainesche Medien no ee Bus getraff hunn, an deem Grouwenaarbechter souzen. Si wieren no hirer Schicht um Wee fir Heem gewiescht.

D’Friddensgespréicher déi eigentlech dëse Sonndeg sollten zu Abu Dhabi weidergefouert ginn, sinn iwwerdeems em e puer Deeg no hanne geréckelt ginn, op viraussiichtlech e Mëttwoch oder Donneschden, sou den ukrainesche President Selenskyj um Sonndeg.

Back to Top
CIM LOGO