Am Alter vun 88 JoerDéi fréier däitsch Ministerin a Presidentin vum Bundestag Rita Süssmuth ass dout

Andy Brücker
Déi däitsch Politikerin war iwwer Joerzéngten eng wichteg Figur an der CDU.
© CHRISTOPH REICHWEIN/dpa Picture-Alliance via AFP

Déi däitsch Politikerin Rita Süssmuth war iwwer Joerzéngten eng wichteg Figur an der CDU. Si ass am Alter vu 88 Joer gestuerwen.

D’Rita Süssmuth, déi tëscht 1988 an 1998 Presidentin vum Deutschen Bundestag war, hat sech fir eng modern Gesellschaftspolitik, Fraerechter a staark sozial Strukturen agesat. Virdru war si Bundesministerin fir Jugend, Famill a Gesondheet a blouf och no hirer aktiver politescher Carrière eng wichteg Stëmm am ëffentleche Raum.

Mat hir geet eng Politikerin, déi d’politesch Kultur mat Courage, Dialogbereetschaft an engem klore Mënschebild gepräägt huet.

Back to Top
CIM LOGO