D'Duechter vun engem Krypto-Entrepreneur ass en Dënschdegmoien Affer vun enger versichter Entféierung zu Paräis ginn.

Wéi et vun der Police heescht an och op Videoen ze gesinn ass, déi an de soziale Medien zirkuléieren, hunn dräi maskéiert Männer versicht, d'Fra an eng Camionnette ze zéien. Der Fra hire Mann huet dëst versicht ze verhënneren, och hu Passanten agegraff an d'Ugräifer verjot. Vun den Täter feelt bis ewell all Spuer, hire Fluchtauto ass awer kuerz no der Dot fonnt ginn. Verschiddene Medien no soll d'Koppel kuerz virun der Dot mat hirem Kand ënnerwee gewiescht sinn.

Bei den Affer handelt et sech ëm d'Famill vun engem erfollegräiche Krypto-Entrepreneur. Si koume mat liichte Blessuren an e Spidol. D'Police huet eng enquête lancéiert.

An deene leschte Méint hat et widderhuelt Gewaltdote géint Krypto-Entrepreneuren an hir Familljemembere ginn. Sou ass zum Beispill réischt virun zwou Wochen de Papp vun engem Krypto-Millionär bei engem Policeasaz aus der Gewalt vun Entféierer befreit ginn. Wärenddeem hie gefaange war, krut hie Policeinformatiounen no e Fanger ofgeschnidden.