Xavier Bettel huet NATO-Partner iwwer Lëtzebuerger Contributiounen informéiert

© MAE
Bis d'Enn vum Joer soll de Lëtzebuerger Bäitrag jo op 2 Prozent vum RNB eropgoen.
De liberale Minister huet bei der Reunioun am tierkeschen Antalya och dofir plädéiert, datt d'Spezifizitéite vun de Memberlänner sollte consideréiert ginn an hien huet och fir eng gewëss Flexibilitéit plädéiert. Dat deelt den Ausseministère an engem Communiqué mat. Däitschland héicht seng Contributioun fir d'NATO vun 2% op 5% vum Bruttoinlandprodukt. Dat huet den neien däitschen CDU-Ausseminister Johann Wadephul annoncéiert.
Bis d'Enn vum Joer soll jo de Lëtzebuerger Bäitrag jo op 2 Prozent vum RNB eropgoen. Dat hat de Lëtzebuerger Premier dës Woch an der Ried zur Lag vun der Natioun gesot. Bis elo hat sech d'Regierung dozou engagéiert, fir d'Lëtzebuerger Defenseausgaben bis 2030 op 2 Prozent vum Revenu National Brut ze héijen. Dat entsprécht ronn 1,3 Milliarden Euro, pro Joer. Lëtzebuerg ass den Ament bei deenen dräi Länner, déi am allermannsten un d'NATO bezuelen. Duerfir an och wéinst dem aktuellen internationalen Kontext gëtt et vill Drock.
De liberale Minister huet bei der Reunioun vun den Nato-Ausseministeren am tierkeschen Antalya dofir plädéiert, datt d'Spezifizitéite vun de Memberlänner sollte consideréiert ginn an hien huet och fir eng gewëss Flexibilitéit plädéiert. Dat deelt den Ausseministère an engem Communiqué mat.
D'Fro stellt sech, wéi laang Lëtzebuerg dës Positioun hale kann. Engersäits d'Ausnameregelung, datt den Defense-Effort net par Rapport zum PIB mä dem RNB gerechent gëtt. An anerersäits déi 2%. Wa scho ganz Montanten am Raum stinn. Den Nato-Generalsekretär Mark Rutte hat virun e puer Deeg gesot, datt d'NATO-Memberstaate vun 2032 u 5% vun hirem PIB an d'Verdeedegung investéieren sollen. 3,5% sollen a sougenannt "haart Militärausgabe" fléissen an 1,5% Ausgabe zum Beispill an Infrastruktur. Hie géif fir den NATO-Sommet am Juni zu Den Haag vun de Memberstaaten erwaarden, dass se hir Zouso ginn, déi Quote bis 2032 erreechen ze wëllen.
Däitschland huet dat gemaach. Den Ausseminister Johann Wadephul sot um Freideg, datt déi nei däitsch Regierung grondsätzlech hannert dem neien 5-Prozent-Zil steet. A gouf duerfir och ausdrécklech vum NATO-Generalsekretär gelueft. De Koalitiounspartner vun der SPD gesäit et allerdéngs méi kritesch.
Länner wéi Spuenien, Italien oder d'Belsch, déi grad wéi Lëtzebuerg bei den Ausgaben hannen dran hänken, hunn zu Antalya och zousätzlech Efforten vun hirer Säit an Aussiicht gestallt.
D'Schreiwes vum Ausseministère
Xavier Bettel à la réunion informelle des ministres des Affaires étrangères de l’OTAN (14-15.05.2025) | |
| |
Le Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères et du Commerce extérieur, Xavier Bettel, a participé à la réunion informelle des ministres des Affaires étrangères de l’OTAN, organisée les 14 et 15 mai 2025 à Antalya. Cette réunion a été l’occasion d’une discussion approfondie sur la préparation du Sommet de l’OTAN prévu en juin à La Haye. Les ministres ont ainsi échangé sur les grands enjeux stratégiques de l’OTAN, la situation en Ukraine et le futur objectif d’effort de défense des Alliés. Dans son intervention, le ministre Bettel a informé les Alliés que le Luxembourg atteindra 2% du revenu national brut (RNB) consacré à la défense d’ici la fin de l’année. En ce qui concerne les nouveaux objectifs que le Sommet doit définir pour permettre à l’OTAN de se doter de toutes les capacités nécessaires dans la situation géopolitique actuelle, le ministre Bettel a donné à considérer que les spécificités de tous les Alliés doivent être pris en compte et plaidé pour une certaine flexibilité dans l’équilibre entre dépenses de défense et dépenses liées de manière plus large à la sécurité et à la résilience. Il a également abordé le soutien de l’Alliance à l’Ukraine, en plaidant pour que le Sommet accorde toute l’attention nécessaire à cette question. |