En Dënschdegnomëtteg huet de Premierminister Frieden an der Chamber seng Ried zu Lag vun der Natioun gehalen.

Dës stoung ënnert dem Motto "Fortschrëtt duerch Stabilitéit. Stabilitéit duerch Fortschrëtt".

Fortschrëtt ouni Effort wier deemno eng Illusioun an de Fortschrëtt wier net selbstverständlech. Et misst een all Dag dofir schaffen.

Eng Zäit vum Ëmbroch

Mir géingen eis an engem Schlësselmoment vun der Geschicht vu Lëtzebuerg a vun Europa befannen. D'Welt géing sech mat enger Vitess an enger Envergure veränneren, déi een net gewinnt wier: geopolitesch, sozial, technologesch an ekologesch.

Et wier eng Zäit vum Ëmbroch, an där alles a Fro gestallt wier: historesch Allianzen, de weltwäite System vun der Zesummenaarbecht, d’politesch Mëtt. Ma d'Regierung wéilt dësen Ännerungen net nokucken, mä se als Chance ergräifen, fir Fortschrëtt ze maachen an d'Zukunft ze gestalten.

Méi Kafkraaft an eng cibléiert Sozialpolitik

Ee Verspriechen, bei deem d'Regierung geliwwert hätt, wier dat vun der Kafkraaft. D'Leit hätten zanter dem 1. Januar bedeitend méi Suen an der Täsch. D'Steierlaascht fir Elengerzéiender a Wittleit wier bei nidderegem Loun just nach d'Hallschent vun deem, wat se 2023 war. E Celibataire, dee 50.000 Euro verdéngt, hätt haut 1.000 Euro méi vu senger Pai. D'Steiererliichterunge wiere cibléiert a sozial progressiv.

Nieft de cibléierten Erliichterunge bei de Steiere géif et méi en héije Mindestloun, eng méi héich Allocation de vie chère, eng méi héich Loyerssubventioun an eng verdräifacht Energieprimm.

D'Ekonomie géing nees wuessen

Duerch Steiererliichterungen, héich Investissementer a bürokrateschen Ofbau géing d'Ekonomie nees wuessen. Wärend een 2022 an 2023 an enger Rezessioun war, prognostizéiert de Statec fir dëst Joer e Wuesstem vun 2,5 %. Bei den Aarbechtsplaze gëtt fir d'nächst Joer e Plus vun 2,2 % virausgesot.

Kris am Bausecteur wier gestoppt

D'Kris am Bausecteur wier duerch Mesurë wéi de Chômage partiell an den ëffentleche VEFA-Opkafprogramm gestoppt ginn. Als Konsequenz géingen et éischt Zeeche vum Revirement am Marché. D'Transaktioune fir existéierend Wunnengen hätte sech zejoert verduebelt a bei neie Wunnengen hätte se sech bal vervéierfacht.

Pensiounssystem: D'Cotisatiounsjore gi progressiv ëm dräi Méint verlängert 

De Rentesystem soll op 15 Joer finanziell ofgeséchert ginn, esou nach de Premier Luc Frieden a senger Ried zur Lag vun der Natioun an der Chamber. De Previsiounen no sollen d’Depensë vum Pensiounssystem d’nächst Joer schonn iwwert de Recettë leien.

Iwwerdeems d’Sozialministesch virum Summer Propose géing presentéieren, huet de Luc Frieden der elo schonn e puer genannt: d’Cotisatiounsjoren, fir d’Urecht op eng Pensioun ze kréien, géingen iwwert eng Rei Joren all Joers "stufeweis" ëm 3 Méint verlängert ginn. Donieft géing eng Retraite progressive agefouert ginn, also eng Period, an där ee manner schafft a schonn en Deel vu senger Pensioun kréich.

Um Niveau vun de Recettë géing een eng budgetär Contributioun schafen iwwert d’Recettë vun enger Konsumssteier, déi et scho gëtt. Hien huet d’CO2-Steier als Beispill genannt, bei där d’Hallschent vun de Recettë fir sozial Zwecker geduecht sinn.

Fir Leit, déi riskéieren an d'Altersaarmut ze geroden, géing een eng cibléiert Sozialhëllef aféieren. Iwwerdeems wéilt een den drëtte Pilier vum Pensiounssystem méi attraktiv maachen, fir d'Leit ze encouragéieren, selwer fir den Alter ze spueren.

De Sonndeg gëtt keen normale Schaffdag

D’Kollektivverträg sollen iwwerdeems en attraktiivt Instrument fir béid Sozialpartner ginn, also fir den Employé an de Patron. D’Hausse vun de legale Sonndesstonne géing just de Butteker méi Flexibilitéit ginn. De Luc Frieden huet betount, datt een aacht Stonne soll "dierfe" schaffen an net "mussen".

Un d’Adress vun de Gewerkschaften, déi wéinst der Pensiounsdebatt an de Pläng, fir d’Aarbechtsrecht ze flexibiliséieren, den 28. Juni wëlle protestéieren, hat de Premier e klore Message: D’Regierung steet fir den Dialog, mee "Dialog heescht net an all Fall Co-Decisioun".

D’CSV an d’DP hätte sech "eng modern Gesellschaftspolitik als Zil gesat". D’Majoritéit an der Chamber hätt eng Verantwortung a géing doru gemooss ginn, ob se där gerecht gëtt.

Steierreform ouni Klass 2 ze benodeelegen

A Punkto Steierreform mat eenzeger Steierklass huet de Luc Frieden d’Méiglechkeet vun engem neien avantagéise Steiertarif no un der Klass 1A genannt, esou wéi d’Pist vun enger Iwwergangsphas fir d’Klass 2 – bestueten a gepacste Leit, fir datt si net benodeelegt ginn.

Dës Pist hat de Finanzminister och schonn Enn Mäerz bei eis an d’Spill bruecht.

Defense-Budget geet vun 800 Milliounen Euro op 1,2 Milliarden erop

Wat d’Defense-Ausgaben ugeet ass d’Kaz elo aus dem Sak: déi wäerte scho bis Enn des Joers op 2 Prozent vum nationale Räichtum klammen. Ënnert anerem dat huet de Premier Luc Frieden en Dënschdeg a senger Ried zur Lag vun der Natioun an der Chamber deklaréiert. Bis ewell war den Objektiv vun 2 Prozent bis d’Joer 2030 an d’CSV-DP-Regierung hat sech no der Kéier an der US-Politik géintiwwer Europa an der russescher Menace nach net op en neie geneeën Taux festgeluecht. Méi genee gëtt de Budget vun der Defense vu geplangten 800 Milliounen Euro op ronn1,2 Milliarden Euro bis Enn vum Joer eropgeschrauft.

De Premier sot awer och, datt d’Zil kéint weider an d’Luucht goen. Wann et um NATO-Sommet am Juni zu engem entspriechenden Accord kéim, géif Lëtzebuerg als Alliéierte mat op dee Wee goen.

Deen zousätzlechen Effort fir d’Defense soll - ewéi vum Finanzminister virun zwee Méint bei eis ugekënnegt - duerch eng nei Prioriséierung vun Infrastrukturprojete geschéien, mee och iwwer finanziell Sourcë baussent dem Staatsbudget. De Luc Frieden huet awer och e Staatsemprunt ugekënnegt, un deem sech privat Leit kéinte bedeelegen. Eng Iddi, déi de Finanzminister Gilles Roth schonn Enn Mäerz bei eis ugekënnegt hat. De Gilles Roth sot dunn och, datt 2 Prozent Defenseausgaben zousätzlech 400 Milliounen Euro géing duerstellen.

D’Energietransitioun geet weider

Iwwerdeems d’staatlech Mesuren, fir d’Hausse vun den Energiepräisser ofzefiederen, d’nächst Joer oflafen, huet de Luc Frieden dann awer 150 Milliounen Euro annoncéiert, fir Privatleit a Betriber z’ënnerstëtzen. Dat andeem de Staat en Deel vun den Netzkäschten iwwerhuele géing, mee och de Mécanisme de compensation, deen am Moment all Verbraucher dréit.

D’Ministere fir Energie an Ëmwelt géingen an den nächsten Deeg Detailer ginn iwwert 50 Mesuren, fir d’Reegelen a Prozedure fir de Bau vun Anlage fir erneierbar Energie ze vereinfachen.

D'Lëtzebuerger Industrie bräicht propper Energie, mä déi misst bezuelbar sinn. Wann een d'Präisser net an de Grëff kréich, bräicht ee kengem bei der Transitioun ze hëllefen, da wier d'Industrie an Europa fort.

KI, Donnéeën a Quantentechnologie

E gudde Batz méi – 3 Milliarden Euro – géing de Staat dann iwwert déi nächst 6 Joer vun ëffentlechen a privaten Acteure mobiliséieren, fir aus Lëtzebuerg en "internationalen Zentrum fir déi sécher a souverän Valorisatioun vu sensibelen Donnéeën aus ganz Europa" ze maachen.

De Luc Frieden huet vun enger "Visioun" geschwat. Am Zesummenhang mat den neien Technologien huet de Premier awer och Mesurë fir d’mental Gesondheet annoncéiert, dorënner méi Better an der Jugendpsychiatrie.

D'Agrikultur stäerken als Prioritéit

D'Stäerkung vun der Agrikultur wier eng Prioritéit vun der Regierung. D'Bauere wieren e Partner. D'Landwirtschaft wier essentiel fir eng eege Liewensmëttelproduktioun ze behalen.

Fir d'lokal Produktioun vun héichwäertege Liewensmëttel ze erméiglechen, gëtt eng nei Hëllef opgesat, fir de Bau vu groussen Zäre fir Uebst  a Geméis finanziell ze fërderen.

Iwwerdeems war et d'Annonce, datt Lëtzebuerg dem Fräihandelsaccord mat Südamerika, dem Mercosur, seng Zoustëmmung wäert ginn. Et géing een d'Effete vum Accord zesumme mam Secteur genee suivéieren. Sollt déi lokal Produktioun vun de Fleeschbauere leiden, géing een hinnen entgéintkommen.

Méi Personal fir d'Police an d'Justiz

De Rechtsstaat misst mat enger wuessender Populatioun Schratt halen. Dofir soll d'Justiz méi Personal kréien an och de Rekrutement bei der Police bleift héich. Donieft sollen och legislativ Ännerunge wéi e verstäerkte Platzverweis an eng vereinfacht Prozedur fir d'Visupol-Iwwerwaachung.

Eng "méi rau" Welt

Generell huet de Luc Frieden d’Welt als eng méi "rau" bezeechent. D’Regierung wéilt den Ännerunge vun eiser Zäit net nokucken, mee se als Chance ergräifen.

De Luc Frieden huet a senger Ried weider seng Philosophie vun der Kompetitivitéit a vum Wuesstem verdeedegt, duerch déi een e staarke Sozialstaat kéint finanzéieren. Dee Wuesstem misst een awer och encadréiere mat Mesuren am Logement, an der Mobilitéit a bei der Sécherheet.

En Opruff zur Zesummenaarbecht

Zum Schluss vum Discours war et den Opruff, trotz Meenungsdivergenzen zesummen ze schafen. Dat wier dat, wat Lëtzebuerg auszeechent, dat wat een dacks géing Stabilitéit nennen. Dës Stabilitéit wier d'Basis vum Lëtzebuerger Fortschrëtt.