Parlament stëmmt fir Verlängerung vun de Lafzäite vun den Atomkraaftwierker

© JOHN THYS / AFP
An der Belsch ass et de Réckzoch vum Réckzoch aus der Atom-Energie.
D’Parlament zu Bréissel huet mat enger däitlecher Majoritéit fir eng Verlängerung vun de Lafzäite vun den aktuellen Atomkraaftwierker gestëmmt. 102 Deputéierter waren dofir, 8 dogéint an 31 hu sech enthalen.
Eigentlech hat d'Belsch sech schonn am Joer 2003 op den Atomausstig festgeluecht. D'Land huet zwee Atomkraaftwierker, eent zu Doel un der hollännescher Grenz an eent zu Tihange bei Léck. Dës lafen aktuell allerdéngs net op voller Kapazitéit. Vun de siwe Reakteren, sinn der nëmme véier um Netz. Eigentlech sollten dëst Joer dann och dës véier Reakteren erofgefuer ginn, den Debat doriwwer zitt sech allerdéngs schonn zanter Joren.
2022 hat déi deemoleg belsch Regierung decidéiert, de kompletten Ausstig aus der Nuklearenergie ëm 10 Joer no hannen ze réckelen. A béiden Atomkraaftwierker sollt jeeweils ee Reakter bis 2035 um Netz bleiwen. No der russescher Invasioun vun der Ukrain war an der Belsch eng Suerg ëm d'Energieversuergung opkomm.
Ënnert der neier belscher Regierung vum rietsnationale Premier Baart de Wever ass den Ausstig aus der Atomenergie elo bis op Weideres komplett vum Dësch. Net nëmme ginn déi zwee Kraaftwierker net vum Netz, ma et dierfen och weider Reaktere gebaut ginn.