G7-Staate wëlle mat Ukrain-Presenz "staarke Message" schécken

De Sergej Martschenko an de François-Philippe Champagne / © AFP
Wéinst de méigleche Verhandlunge mat Russland wëllen d'G7-Staaten der Ukrain de Réck stäerken.
D'Presenz vum ukrainesche Finanzminister Sergej Martschenko beim Treffen a Kanada "schéckt e staarke Message un d'Welt", datt d'Memberen d'Land géint déi russesch Invasioun ënnerstëtze wëllen, sot de kanadesche Finanzminister François-Philippe Champagne en Dënschdeg zu Banff. Zil wier et, Russland zur Rechenschaft ze zéien an den Erëmopbau an der Ukrain ze beschwätzen.
De Champagne hat zesumme mat sengem ukraineschen Homolog eng Pressekonferenz fir den Optakt vum Treffe vun de G7-Finanzministeren ofgehalen. Dobäi huet hie betount, datt hie bei de Gespréicher d'Positioun vun der Ukrain wéilt ënnerstëtzen, méi staarken Drock op Russland maachen.
D'Finanzministeren an d'Zentralbankgouverneure vun de G7 beroden dräi Deeg laang an der kanadescher Stad Banff. De Grupp Staaten, dee gréisstendeels enger Meenung ass, huet, zanterdeem den US-President Trump am Amt ass, duerch seng aggressiv Taxe-Politik mat däitleche Spannungen ze kämpfen.
Kanada huet aktuell d'Presidence vun de G7-Staaten. Nieft de Vertrieder aus Japan, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien an den USA ass wéi gesot och den ukrainesche Finanzminister agelueden.