Néng EU-Länner fir Iwwerpréiwung vun Europäescher Mënscherechtskonventioun

D'Mette Frederiksen an d'Giorgia Meloni / © AFP
Néng Länner aus der EU fuerdere mat Bléck op d'Migratioun "eng nei an oppen Diskussioun iwwer d'Ausleeung vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun".
Dat geet aus engem Oppene Bréif ervir, deen de Büro vun der italieenescher Ministerpresidentin Giorgia Meloni en Donneschdeg publizéiert huet. Nieft Italien an Dänemark gehéieren och Polen, Éisträich, d'Belsch, Estland, Lettland, Litauen an Tschechien zu de Signatairen.
"Mir mussen dat richtegt Gläichgewiicht erëm hierstellen", heescht et an der Erklärung, déi no enger Entrevue vun der Meloni an der dänescher Ministerpresidentin Mette Frederiksen verëffentlecht gouf. Et wier un der Zäit, "eng Diskussioun doriwwer ze féieren, wéi déi international Konventiounen den Erausfuerderunge vun eiser Zäit gerecht ginn". D'Signatairë fuerderen ausserdeem, "e Bléck dorop ze geheien, wéi den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter seng Ausleeung vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun entwéckelt huet".
Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter hat an der Lescht Fäll géint Lettland, Litauen a Polen verhandelt, bei deenen et dorëm goung, datt Migranten net rechtméisseg behandelt gi wieren. Dänemark gouf iwwerdeem opgefuerdert, seng Reegele fir d'Zesummebrénge vu Familljen ze änneren. An Italien gouf schonn e puer Mol wéinst senger Behandlung vu Migrante vum Geriichtshaff verurteelt ginn.
D'Staate froe sech am Schreiwes, "ob de Geriichtshaff an e puer Fäll d'Zoustännegkeetsberäicher vun der Konventioun ze wäit ausbreet an domat d'Gläichgewiicht tëscht den ze schützenden Interessie verréckelt" hätt. An e puer Fäll wier d'Capacitéit vun de Länner limitéiert ginn, "politesch Decisiounen an eisen eegenen Demokratien ze treffen".
Der EU-Grenzschutzagence Frontex no ass d'Zuel un illegale Migranten an d'Europäesch Unioun zejoer ëm 38 Prozent op 239.000 Fäll zréckgaangen. 2023 hat déi illegal Migratioun den héchste Stand zanter bal 10 Joer erreecht. Trotzdeem hunn d'EU-Staats- a Regierungscheffe vun der EU-Kommissioun bei hirem Sommet am Oktober 2024 "dréngend" nei Expulsiounsreegelen.