
De russeschen Amarsch an der Ukrain, de Konflikt am Noen Osten, déi rezent amerikanesch Militärinterventioun a Venezuela grad ewéi d’Menace vum Donald Trump a Richtung Kolumbien a seng Annoncen, Grönland ënner US-Kontroll wëllen ze bréngen: Wann een an de leschte Joren op d’Welt gekuckt huet, da gëtt een d’Gefill net lass, dass sech den internationale Kontext staark verännert huet. Grouss Staate schéngen nees ze versichen, hir Interesse mat militäresche Mëttel duerchzesetzen. Dat, obwuel dat internationaalt Recht am Prinzip e Verbuet vum Asaz vu militärescher Gewalt virschreift. Deementspriechend stellt sech d’Fro nom Zoustand vun dësem Recht. Doriwwer hu mir mam Fuerscher Mark Konstantinidis vun der Uni Lëtzebuerg geschwat.
Et wier net, ewéi wann d’USA net och schonn an der Vergaangenheet op anere Plazen esou virgaange wieren, ewéi rezent a Venezuela erkläert den Dokter Konstantinidis, deen op der Uni Lëtzebuerg iwwer den internationalen Droit fuerscht. Hien erënnert an deem Kontext drun, dass d’Vereenegt Staaten schonn 1989 a Panama intervenéiert sinn an den deemolege Staatschef vum Land, de Manuel Noriega ausser Landes bruecht hunn.
Wat déi rezent Arrestatioun vum venezuelanesche President Maduro ugeet, wier den internationale Konsens awer gréisstendeels, dass dës Aktioun géint dat internationaalt Recht verstéisst. “Déi international Communautéit verweist hei gréisstendeels op d’Charta vun de Vereenten Natiounen an de Verbuet vun der Uwendung vu Gewalt.” , esou de Mark Konstantinidis. D’Vereenegt Staate géife sech deem awer widdersetzen: “Si verweisen op nationaalt, amerikanescht Recht, fir hiert Virgoen ze justifiéieren, si kucken net op dat internationaalt Recht. Ma och am Kontext vum internationale Recht soe si, dass et sech ëm en Akt vun der Selbstverdeedegung gehandelt hätt, eppes, wat de Gros vun der internationaler Gemeinschaft awer net iwwerzeegt.”
Relativ kuerz no der Interventioun a Venezuela huet den US-President Donald Trump jo annoncéiert, dass Venezuela den USA tëscht 30 a 50 Millioune Barrel un Ueleg wäert iwwerginn. D’amerikanesch Uelegkonzerner, déi am Land aktiv waren, wieren duerch déi weider Nationaliséierung vun der venezuelanescher Uelegindustrie ënnert dem viregte President Hugo Chavez beklaut ginn. Ma hunn d’amerikanesch Entreprisen dann elo an iergendenger Form en Urecht op de venezuelanesche Pëtrol?
Dat wier dem Mark Konstantinidis no ëmstridden. Et géife sech gutt Argumenter dofir fanne loossen, dass Venezuela d’amerikanesch Entreprisen no der Decisioun, d’Pëtrolsindustrie weider ze nationaliséieren, hätt missen entschiedegen. Dat, well dës Entscheedung en Impakt op d’Fäegkeet vun auslänneschen Entreprise gehat hätt, den Ueleg am Land ze exploitéieren. Ob sech doraus fir déi concernéiert Entreprisen och en Usproch op den Ueleg per se ofleet, wier den Ament awer nach ëmstridden.
Op alle Fall géif et sech bei deem, wat sech aktuell tëscht den USA a Venezuela ofspillt, net onbedéngt ëm den Ufank vun enger rechtlecher Ausernanersetzung handelen. Et géif vill méi ëm d’Ausübung vun Drock an engem geopolitesche Kontext goen: “Mir gesinn, dass säitens den USA Drock op Venezuela ausgeüübt gëtt. De President vu Venezuela gouf gefaange geholl - och wann ëmstridden ass, ob hien de legitimme President ass - mä egal wéi gouf den de facto Herrscher vu Venezuela gefaange geholl, mä säi Regimm ass erhale bliwwen. Wat mir also hei gesinn, ass en Ausübe vun Drock säitens den USA, fir de President vu Venezuela an d’venezuelanesch Regierung dozou ze kréien, den USA Zougeständnesser ze maachen. Et gëtt hei aktuell kee rechtlechen Usproch geäussert. Wat mer den Ament gesinn, dass e geopolitesche Sträit.”
Wat d’Menacë vum Donald Trump a Richtung Kolumbien a säi Wonsch, Grönland ënner US-Kontroll ze bréngen, ugeet, géif et sech den Ament nach ëm eng Panoplie vu Menacen, Iddien a Proposen handelen, déi am Raum géife schwiewen. Sollten dës sech konkretiséieren, géife se awer warscheinlech zu enger Verletzung vun internationalem Recht féieren. Besonnesch de Fall vu Grönland géif a villen europäesche Länner fir Verwonnerung a Verwirrung suergen, dat wier sécher an Dänemark an a Grönland selwer de Fall. Grönland wier als autonomen Territoire vum Kinnekräich Dänemark en Deel vun der NATO an domat e militäreschen Alliéierte vun de Vereenegte Staaten. Iwwerdeems géif all Manéier, Grönland, ënner US-Kontroll ze kréien, déi sech iwwer d’Käpp vun der grönlännescher Bevëlkerung ewechsetzt, géint internationaalt Recht verstoussen: “Mir hunn am Laf vun der Zäit zum Deel widderspréchlech Aussoe vu verschiddenen Deeler vum der US-Regierung héieren, vu Virschléi, Grönland ze kafen, iwwer Iddien, et militäresch ze annexéieren. Béides wier inkompatibel mat internationalem Recht. D’Bevëlkerung vu Grönland huet e Recht op Selbstbestëmmung, et kann een net einfach en Ofkommes tëscht Dänemark an den USA doriwwer hunn, wat mat hinne geschitt. Wa mer iwwer eng militäresch Aktioun schwätzen, wier dat nach méi en offensichtleche Verstouss géint internationaalt Recht. Et wier en ongerechtfäerdegten Asaz vu militärescher Gewalt a vill europäesch Leader hu sech och rezent an dës Richtung geäussert.”
Wann een de Fokus vun den USA ewech- an eng méi global Perspektiv anhëlt, da fält de Bléck ënner anerem op de russesche Krich an der Ukrain, d’Situatioun am Noen Osten, mat engem Krich tëscht Israel a Palästina, deen aktuell duerch e Waffestëllstand ënnerbrach ass am dem Virgoe vun Israel an den USA géint den Iran. Virun deem Hannergrond stellt sech d’Fro, ob dat internationaalt Recht aktuell an enger Kris ass. “Ech huelen un, dass et an deem Sënn an enger Kris ass, dass mer eis aktuell an enger Iwwergangsperiod am internationale Recht befannen”, sou dem Mark Konstantinidis seng Diagnos. “D’internationaalt Recht versicht aktuell, seng Plaz ze fannen.”
Ma déi nei Ära, an déi mir eis aktuell géifen era beweegen, wier op vill Manéieren och zimmlech al: “Et ass eng gewëssen Zort vu Regressioun. Wat mer a Venezuela gesinn, kënnt, grad ewéi d’Menacen am Bezuch op Grönland, am Weesentlechen op ‘gun boat diplomacy’ eraus, wéi se am 19. Joerhonnert vill praktizéiert gouf.”
Et géifen awer och Acteure ginn, déi versiche géifen, sech géint déi aktuell Entwécklungen ze stäipen: “Ech wëll awer net alarmistesch sinn a generaliséieren. Net all d’Länner ginn deem Trend no. An der EU, den EU-Memberlänner an och a Länner baussent Europa gëtt wierklech en Effort gemaach, eng Géigebalance zu dëser Realitéit hierzestellen. Si versichen dat internationaalt Recht, am Kontext, an deem mir eis befannen, ze respektéieren, also am Ubléck vu reelle geopoliteschen a strateegeschen Erausfuerderungen.”
Déi blouss Existenz vun der EU wier zum Beispill en Unzeeche fir d’Existenz vu Mënscherechter. Dat géif awer net bedeiten, dass d’EU an deem Kontext net och deelweis hannert hirem eegenen Usproch géif zeréckbleiwen. Ma bannent Europa wier et am Laf vun der Zäit zu bedeitende Fortschrëtter komm, wat d’Mënscherechter ugeet an dat wier net selbstverständlech. Déi rezent Evenementer op internationalem Plang géifen ebe weisen, dass de Fortschrëtt bei de Mënscherechter net onbedéngt linear wier, an dass et zu Réckschrëtter kéint kommen. De verännerten an ëmmer méi vu Konflikter markéierte geopolitesche Kontext ronderëm Europa géif et dann och méi schwéier maachen, sech fir dat internationaalt Recht anzesetzen. Ee Beispill dofir wier de Krich an der Ukrain: “De Fakt, dass d’Europäesch Unioun versicht, de Krich an der Ukrain op eng Manéier unzegoen, déi am Aklang mam internationale Recht ass, mécht d’Saach fir si méi komplizéiert an huet och en Impakt op hir Kapazitéiten, fir géint aner global Menacen oder Standpunkten, ewéi zum Beispill deem vun de Vereenegte Staaten virzegoen, grad well Europa versicht, d’Vereenegt Staaten op der richteger Säit vun der Geschicht ze halen, wann et ëm d’Ukrain geet.”
Et wier awer och kloer, dass ee vu verschiddene Länner eng ëmmer méi grouss Indifferenz an esouguer Veruechtung fir dat internationaalt Recht geséich. Dat wier en zimmlechen Ënnerscheed zu der Situatioun nom Enn vum Kale Krich, wéi et eng Zort romantesch Usiicht ginn hätt, dass dat internationaalt Recht alles géif reegelen. Dat wier awer amgaange sech ze änneren: “Et ass jidderengem kloer - a mir gesinn dat och an Europa, dat eng Zort geopolitesch Erwächen huet -, dass et mam bloussen Ernimme vum internationalen Droit net duergeet. Et muss vu credibelen an effektive Sécherheetskapazitéiten ënnermauert ginn.”
D’internationaalt Recht ass den Ament also an enger Iwwergangsperiod. Wäerte mer et also an Zukunft mat engem verännerten internationale Recht mat aneren Normen, wéi deenen aktuellen ze dinn hunn? Dozou misst een dem Mark Konstantinidis virop verstoen, dass et am internationale Recht eng Rei kategoresch Norme ginn, bei deene keng Ännerunge virgesi sinn. Ee prominent Beispill wier de Verbuet, militäresch Gewalt anzesetzen, et sief dann, et géif sech ëm e Fall vu Selbstverdeedegung handelen. Hei soll ee sech keng Ännerung erwaarden. Bei anere Reegele vum internationale Recht wieren awer Ännerunge méiglech: “Am Kontext vun der Migratioun, denken ech, dass dat warscheinlech bannent den nächste Jore passéiert. Mir gesi schonn, e groussen Asaz vu ville Länner an Europa, déi am Kontext vun der europäescher Mënscherechtskonventioun no engem Wiessel froen, wann et ëm d’Migratioun geet.”
Ausserdeem kéint et dozou kommen, dass Staaten eng Ännerung vum internationale Recht verlaangen, wéi et am Fall vu Kricher a Konflikter applizéiert gëtt. Hei wier et awer manner d’Demande vun de Parteien, déi un de Konflikter bedeelegt sinn, d’Reegelen ze änneren an et géif vill méi e Sträit doriwwer ginn, ob a wéini Reegele gebrach goufen.