Zu Plütscheid an der Äifel, eng 10 Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz ewech, ass en Donneschdeg den Owend e Bauer bei engem Accident ëm d'Liewe komm.

Geschitt war den Accident en Donneschdeg géint 18.30 Auer bei landwirtschaftlechen Aarbechten op enger Wiss tëscht Plütscheid a Geweberhof. De Chauffer vum Trakter hat deemno d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer an ass domat e géien Hiwwel erofgefall. Dobäi huet sech den Trakter e puer Mol iwwerschloen.

Den 52 Joer ale Mann aus der Verbandsgemeng Arzfeld war dobäi déidlech blesséiert ginn.

Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Plütscheid, Waxweiler a Prüm, souwéi de Rettungsdéngscht, e Rettungshelikopter an d'Police vu Prüm.