En Donneschdeg war ee klenge Fliger vum Typ Cessna 550 iwwert engem Wunngebitt an der kalifornescher Stad San Diego erofgefall.

Antëscht sinn éischt Informatiounen zu den Affer bekannt.

Am Fligeraccident sinn den Daniel Williams, de fréiere Batteur vun der Metalcore-Band The Devil Wears Prada, an den Dave Shapiro, deen ënnert Musek-Agent fir d'Band Sum 41 war, ëmkomm. Dat hunn d'Famill, respektiv d'Talent-Agentur US-Medie géigeniwwer confirméiert.

Insgesamt solle sechs Persounen u Bord vum klenge Fliger gewiescht sinn. E Samschdeg huet d'Police dunn och den Doud vun all Passagéier confirméiert.

Dem Rolling Stone Magazine no hätt den Dave Shapiro selwer de Privatjet vun New Jersey a Kalifornien geflunn. Firwat den erfuerene Pilot, dee souguer eng Piloteschoul hat, d'Kontroll iwwer d'Maschinn verluer huet, wier nach net gewosst.

Den 39 Joer alen Daniel Williams, dee bis 2016 Batteur bei The Devil wears Prada war an d'Band mat gegrënnt hat, huet nach kuerz virum Fluch eng Foto vu sech aus dem Cockpit vun der Maschinn an de Sozialen Netzwierker gepost, dat mam Text: "Ech sinn elo de (Co-)Pilot". Dem Museker seng fréier Band huet him an engem Post op Instagram Äddi gesot.

Den Dave Shapiro war virun allem an der alternativer Musekswelt ee bekannten Acteur. Den 42 Joer ale Mann war de Grënner a Besëtzer vun der Sound Talent Group, déi ënnert anerem Sum 41, Beartooth an Ice Nine Kills zu hire Clienten zielt. Den Dave Shapiro hat och mat Hanson zesummegeschafft, déi an den 90er mat hirem Hit "Mmmbop" bekannt goufen. D'Band huet op X un de Booking-Agent erënnert.