Op engem Quai vum "Hauptbahnhof Hamburg" koum et e Freideg den Owend kuerz no 18 Auer zu enger bluddeger Messerattack.

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass eng onbekannte  Fra géint 18.05 Auer um Quai 13/14 mat engem Messer op d'Leit lassgaangen. Si konnt relativ séier vun der Police gestallt a festgeholl ginn. Deeler vun der Gare goufe geraumt.

Et geet een antëscht vun enger Eenzeldot aus. D'Fra, déi festgeholl gouf, wier 39 Joer al. Dat huet d'Bundespolizei Hamburg op Nofro vum däitschen RTL confirméiert. Et soll eng däitsch Staatsbiergerin sinn.

Wéi d'lokal Pompjeeë matgedeelt hunn, wieren am Ganzen 18 Persoune verwonnt ginn, dovun 6 liewensgeféierlech. Déi Blesséiert wieren deels an Zich noutversuergt ginn.

Detailer, wisou et zur Dot koum, sinn nach net gewosst. Béid Quaie goufe bis op Weideres nach gespaart an dowéinst kéim et och nach zu Retarden op verschiddenen Zuchlinnen.

D'Deutsche Bahn bedauert de Virfall. "Unsere Gedanken und unser Mitgefühl sind bei den Verletzten", heescht et an engem offizielle Message.

D'Gare zu Hamburg gehéiert zu enge vun den am meeschte benotzte Garen an Däitschland. Zemools owes ass do immens vill lass a vill Gedrécks.Zanter dem 1. Oktober 2023 besteet ronderëm d'Gare donieft e Waffeverbuet an zanter Dezember 2024 besteet och nach e Messerverbuet am ëffentlechen Transport.

An de leschte Méint kënnt et ëmmer nees op de verschiddenste Plazen am Land zu Gewaltdote mat Messeren, wat eng politesch Debatt iwwert d'Ursaachen an d'Moossnamen ausgeléist huet.