E Lëtzebuerger Fuerscher riskéiert, d'USA mussen ze verloossen

© Fabien Muller
D'Geschicht vum Fabien Muller op der Harvard Divinity School huet wéi e Märchen ugefaangen, mee kéint sech an en Albdram verwandelen.
Dëst nodeems d’Trump-Administratioun decidéiert huet, d’Aschreiwung vu Dausende vun auslännesche Studenten op där renomméierter Uni ze verbidden.
De Fabien Muller, gebierteg vu Belval, huet sech der Philosophie verschriwwen an ass 2023 un d’Harvard Divinity School komm, nodeems hien zu Louvain-la-Neuve e Master an der Philosophie gemaach huet an de Prix Mercier krut.
Haut schafft hien als postdoktorale Fuerscher an der Philosophie vun der Relioun. Säin Openthaltsrecht an den USA ass awer a Gefor wéinst enger Decisioun vum Department of Homeland Security, déi et der Uni kéint verbidden, nach auslännesch Studenten opzehuelen. Och déi, déi schonn do sinn, kéinten d’Land no der Diplomfeier d'nächst Woch musse verloossen.
Liest hei de kompletten Artikel vum Jérôme Didelot op infos.rtl.lu