Op der A48 bei Koblenz koum et an der Nuecht op e Sonndeg géint 3 Auer zu engem uergen Accident.

Wéi et vun der Koblenzer Police heescht, ass hei e Minibus vun der Fuerbunn ofkomm an huet sech iwwerschloen, dobäi sinn dräi Persounen ëm d'Liewe komm a sechs schwéier blesséiert ginn. Insgesamt sollen 9 Persounen am Bus gewiescht sinn, déi vun engem Familljefest zeréckkoumen. D'Autobunn war a Richtung Tréier kuerzzäiteg gespaart, dat bis 7.45 Auer.