Schwéiert Accident op der A8, Lëtzebuerger Camionnette verwéckelt
Bei Leonberg am däitsche Baden-Württemberg gouf et kuerz viru 15 Auer ee gréissert Verkéiersaccident mat 10 Blesséierten.
Wéi déi däitsch Police matdeelt, hat de Chauffer vun der Camionnette an der Ausfaart vun der Autobunn d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer an ass mat engem Auto, dee virun him ënnerwee war, zesummegestouss. Béid Gefierer sinn doropshin iwwer d'Wiss geschleidert ginn an tëschent Aus- an Afaart vun der Autobunn stoe bliwwen. Och den Helikopter war am Asaz. Fuerer a Bäifuerer vum viischten Auto goufe liicht blesséiert, an der Camionnette, an där 8 Senioren am Alter vun 59 vis 74 Joer dra souzen, ass jidderee blesséiert ginn, dovunner zwou Persoune schwéier.
RTL-Informatiounen no soll et sech ëm eng Lëtzebuerger Camionnette gehandelt hunn, déi mat Leit vun der Kolping ASBL Sektioun Nidderfeelen ënnerwee gewiescht wier. D’ASBL hätt d’Camionette bei der Feelener Gemeng geléint. Weider Informatioune leien eis aktuell net vir.