Video vum Emmanuel Macron a senger Fra Brigitte Macron mécht den Tour

Ganz vill Reaktiounen a Kommentare ginn et zu rezente Biller vum franséische President a senger Fra, wéi se am Vietnam gelant sinn.
Op Biller, déi d'US-Agence Associated Press e Sonndeg den Owend um Fluchhafen zu Hanoi opgeholl huet, ass ze gesinn, wéi d'Dier vum Fliger vum President opgeet an den Emmanuel Macron ze gesinn ass, deen nach ëmmer am Fliger zu deem Moment ass.
Kuerz drop sinn d'Äerm an d'Hänn vu senger Fra Brigitte ze gesinn, déi eng séier Beweegung Richtung Gesiicht vum Emmanuel Macron maachen, an dat kënnt eriwwer, wéi wann dëse géif vu senger Fra geschloe ginn. De franséische President wierkt iwwerrascht, begréisst dunn awer séier d'Leit déi baussent dem Fliger waarden.
Hie streckt dann och, wéi sou dacks, senger Fra den Aarm, fir sech drun unzehale beim Erausklammen, ma si hält sech awer léiwer um Gelänner un, wéi op de Biller onschwéier z'erkennen ass.
Den Élysée selwer huet ufanks d'Biller als net echt bezeechent, dëst awer nees revidéiert, en enke Frënd vum President schwätzt vun engem banale klenge Sträit, wéi dat tëscht Koppele mol üblech ass. Aus dem Ëmfeld vum Macron heescht et, dass et sech ëm e Witz tëscht deenen Zwee géif handelen. Negativ Kommentaren heizou géifen et dann virun allem aus pro-russesche Kreesser ginn.
De franséische President huet elo zu Hanoi eng Südostasien-Rees vun enger Woch ugefaangen. Och Indonesien a Singapur stinn op der Lëscht.