De "Mister RTL" Dr. Helmut Thoma ass dout

© ROLF VENNENBERND DPAdpa Picture-Alliance via AFP
De fréiere Chef vun RTL Däitschland ass schonn den 3. Mee op sengem 86. Gebuertsdag zu Wien un Häerzversoe gestuerwen.
Dat huet seng Famill e Méindeg iwwert déi éisträichesch Agence APA matgedeelt. Hie war 1982 Programmdirekter vu Radio Luxemburg ginn, 1984 krut en d'Leedung iwwer d'Televisiounsbranche a 1986 hat hien d'Geschäftsféierung vun RTLplus iwwerholl. Hie war vum ORF komm, wou hien de Chef vun Service juridique war. Op der Universitéit vu Wien hat den Thoma Droit studéiert a war 1962 zum Dr. jur. promovéiert.
Den Thoma huet RTL an den 80er an 90er-Joren zum erfollegräichste kommerzielle Sender an Däitschland gemaach a gouf och dacks als "Kinnek vum Privat-Fernsee" oder als "Mister RTL" bezeechent. Hie gouf 1989 zum "Medienmann des Jahres", krut 1990 d'Goldene Kamera an de Bambi, 2 Joer méi spéit nach den Däitsche Medienpreis. 1994 koum den Emmy vun der amerikanescher National Academy of Television, Arts and Sciences dobäi.
No senger Zäit bei RTL gouf den Dr. Helmut Thoma 1999 ënner anerem Medieberoder an der Politik, a war a verschiddene Verwaltungsréit aktiv. Hien hannerléisst seng drëtte Fra Danièle Thoma a säi Bouf Harald aus dem éischte Bestietnis.