Bei israeeleschen Attacken an der Gazasträif sinn Informatioune vun der Zivilschutzautoritéit vun der Hamas no iwwer 50 Mënschen ëm d'Liewe komm.

Bei enger Attack op e Schoulgebai an der Stad Gaza wieren op d'mannst 33 Mënsche gestuerwen, sot de Spriecher vun der Autoritéit. Domat korrigéiert hien d'Zuel vun ursprénglech op d'mannst 20 Doudegen erop. Dosende Mënsche wiere blesséiert ginn, dorënner virun allem Kanner.

D'Schoulgebai, dat getraff gouf, gouf palästinenseschen Informatiounen no als Camp fir verdriwwe Mënsche genotzt. Déi israeelesch Arméi behaapt, datt "Terroristen aus der éischter Rei" am Gebai waren.

Weider 19 Mënsche goufen, wéi d'Zivilschutzautoritéit mellt, bei enger Attack am Norde vun der Gazasträif ëmbruecht. Kampffliger hätten um fréie Moien op e Wunnhaus an der Stad Dschabalia geziilt, sot de Spriecher der Noriichtenagence AFP géigeniwwer.

No zwee Méint Wafferou huet Israel den 18. Mäerz seng Attacken an der Gazasträif erëm opgeholl an d'Militärasätz rezent verstäerkt. Wéi et e Samschdeg vun der Arméi heescht, hätt ee bannent engem Dag iwwer honnert Ziler an der Gazasträif ugegraff. De Weekend waren dem palästinenseschen Zivilschutz no iwwer 30 Mënschen ëmbruecht ginn, dorënner och Kanner.