Garde-côte kämpft géint Uelegverschmotzung virun indescher Küst

© AFP
Nodeems virun der Küst vun Indien e Containerschëff ënnergaangen ass, versicht d'Garde-côte eng Uelegkatastroph ze verhënneren.
Mat zwee Schëffer gëtt probéiert, dass den Ueleg sech net ausbreet, sou d'Regierung vum indesche Bundesstaat Kerala am Süde vum Land. E Fliger ass donieft am Asaz, dee geziilt Stoffer erofgehäit, déi den Ueleg sollen zersetzen.
D'Containerschëff "MSC ELSA 3", dat ënnert dem westafrikanesche Liberia Fändel gefuer ass, war e Sonndeg mat 640 Container u Bord ënnergaangen. An 13 Containere war eng geféierlech Charge, donieft waren um Schëff nach ronn 370 Tonne Sprit. Um Wee an d'Hafestad Kochi wier d'Schëff a Schwieregkeete geroden an huet doropshin en Noutruff erausginn. Wéi de Verdeedegungsministère matgedeelt huet, wier et relativ séier mat Waasser vollgelaf an ënnergaangen. Sämtlech 24 Crewmembere konnte gerett ginn.
Elo riskéiert de Virfall dem Ministère no zu enger Katastroph fir de "sensibelen Ökosystem laanscht d'Küst vu Kerala" ze ginn. Fir d'Küsteregioun gouf eng Warnung ausgeschwat an d'Leit do goufen opgefuerdert, d'Container, déi deels schonn u Land ugeschwemmt goufen, net unzepaken oder souguer an d'Géigend dovun ze kommen.