Fra schwéier blesséiert a Wunneng fonnt
Tréierer Police sicht nom presuméierten Täter

© AFP Archiv
E Sonndeg den Owend war zu Tréier eng 26 Joer al Fra mat Stéchblessuren an enger Wunneng fonnt ginn. De presuméierten Täter ass zanterhier op der Flucht.
Wéi déi däitsch Police schreift, waren d'Tréierer Polizisten e Sonndeg den Owend géint 20.30 Auer no engem Hiweis vun Zeie bei d'Wunneng an der Trierer Saarstraße gefuer. Beim Gebai hunn d'Beamten d'Fra schonn no Hëllef ruffen héieren. An der Wunneng hu si déi schwéier blesséiert Fra mat Stéchwonne virfonnt.
Dem aktuelle Stand vun den Ermëttlungen no verdächtegt d'Police den 43 Joer ale Partner vun der Fra. Zanter e Sonndeg den Owend gëtt no him gesicht.
Am meeschte gelies