Gazasträif, dat sinn eng 73 Kilometer Carré fir iwwer 2 Millioune Palästinenser.

D'Hoffnung, datt et an der Gazasträif zu engem 70 Deeg laange Waffestëllstand komme kéint, gouf séier zerschloen. Doru gebonnen, war d'Fräiloosse vun zéng israeelesche Geiselen. Am Géigendeel huet d'Israeelesch Arméi den Awunner aus der südlecher Gazasträif den Uerder ginn, d'Regioun ze verloossen. D'Militär géif en Ugrëff ouni Beispill lancéieren.
 
Eng Deeskalatioun ass, trotz villen Appeller, net a Siicht.
 
"80 Prozent vun der Gazasträif sinn entweder vun Israel als militariséiert Zon, oder als Gebitt ausgewisen, wou d'Bevëlkerung den Uerder krut, se ze verloossen. An anere Wierder: Véier Fënneftel vum Territoire si fir d'Awunner vu Gaza eng No-Go-Zone." sou de Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen, Antonio Guterres.
 
Am Kloertext: 2 Millioune Mënsche bleift en Territoire, deen net annerhallef Mol sou grouss ass, wéi dee vun der Stad Lëtzebuerg.
 
D’Palestinenser hausen do an onmënschleche Konditiounen. Eng Realitéit, un där och déi 115 Camione mat Hëllefsgidder, déi Israel bannent dräi Deeg d'lescht Woch iwwer d'Grenz gelooss huet, näischt änneren. Wärend dem Waffestëllstand ugangs vum Joer waren et der 4.000 d'Woch.
 
Den UN Generalsekretär Antonio Guterres: "All d'Hëllef, déi bis elo autoriséiert gouf, entsprécht engem Téiläffel, wou effektiv eng Flut un Hëllef néideg ass."

International Konferenz fir Zwee-Staate Léisung gëtt preparéiert

Och vun New York aus gouf et am Kader vun de Preparatiounen op déi grouss International Konferenz Mëtt Juni, fir eng dauerhaft Léisung vum Konflikt, vun der franséischer Co-Presidentin Anne-Claire Legendre dësen Appell u béid Säiten:
 
"La guerre à Gaza doit cesser!"
 
All déi israeelesch Geisele missten direkt fräigelooss ginn an dem Calvaire vun der palestinensescher Populatioun misst en Enn gesat ginn.

Mam Rappell, datt Israel all Blockage vun internationaler Hëllef ophiewe misst. Den Doud vu 776 Palestinenser, eleng déi lescht Woch, virun allem Zivilisten, Frae, Kanner, an och Mataarbechter vun Hëllefsorganisatiounen, gouf schaarf verurteelt. De Message vun New York aus, ëm wat et Mëtt Juni geet, ass kloer:
 
D’Anne-Claire Legendre: "C'est celle de la reconnaissance mutuelle et de la mise en oeuvre effective de la solution à deux Etats. Pour la France, cette feuille de route doit garantir la sécurité d'Israël et son intégration régionale. Et répondre à l'aspiration légitime des palestiniens à disposer d'un Etat. Nous devons donc bâtir un cadre robuste et crédible pour le jour d'après, à Gaza. Travailler à désarmer et à écarter le Hamas, qui ne doit plus constituer une menace pour Israël. Définir une gouvernance crédible et réformer l 'autorité palestinienne."

Nees Honnerte Manifestanten a groussen Europäesche Stied op d'Strooss.
 
Hei zu Lëtzebuerg gouf mat engem Protest-Camp vu Frae, virun der Chamber, op d'Situatioun an der Gazasträif opmierksam gemaach. Mat dësem Appell un d'Regierung, déi Mëtt Juni, och zu New York mat um Dësch sëtze wäert.

"On espère que le gouvernement luxembourgeois va mettre une grande pression sur l'Union Européene, de suspendre l'accord du commerce qui va mettre la pression immédiatement pour faire entrer l'aide humanitaire et pour le cesser le feu", sou d’Jill vum Women's encampment for justice and peace.

Den Ausseminister Xavier Bettel huet virun enger gudder Woch betount, dat d'EU-Kommissioun Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg huet, Associatiouns Ofkommes mat Israel op de Leescht ze huelen. Wat eng méiglech Unerkennung vum Palestinensesche Staat ubelaangt, sou wéilt een d'Konferenz vun New York ofwaarden, wou e ganze Package un Decisiounen, am Sënn vun de Palestinenser a vun Israel ausgeschafft misst ginn. Also am Sënn vun der wéi d'Co-Presidence vun der Konferenz.