Dausende vu Leit wollten de Championstitel vu Liverpool feieren, wéi ee Gefier gemellt gouf, dat um Méindeg den Owend an d'Leit gefuer ass.

An der Water Street ass den Auto um 19 Auer Lëtzebuerger Zäit mat ville Foussgänger kollidéiert. Aenzeien erzielen a brittesche Medien, datt de Won express Richtung Leit gerannt wier.

D'Water Street louch net wäit vum leschten Deel vun der Parad an de Stroosse vu Liverpool fir de Championstitel am Futtball vum LFC.

Blesséiert goufen 47 Persounen, dorënner ee Kand an en Erwuessene méi uerg.
 
Een 53 Joer ale brittesche Mann, deen an der Ëmgéigend wunnt, gouf verhaft. D'Police seet, et wier kee Fall vun Terrorismus, mee en isoléierte Tëschefall. D’Police huet dann och opgeruff, keng Biller oder Videoen an de soziale Medien ze verbreeden, mee se direkt un d’Autoritéite virun ze ginn.

Biller vun der Onglécksplaz
En 53 Joer ale Mann ass an d'Leit gerannt, déi de Meeschtertitel vum FC Liverpool gefeiert hunn. De schëllege Chauffeur konnt festgeholl ginn.

D'Rettungsekippen ware laang am Asaz. Déi ganz Strooss blouf komplett ofgespaart.

De Premier Keir Starmer huet d'Zeenen zu Liverpool "schrecklech" genannt. Liverpool FC ass a Kontakt mat der Police. Déi aner Ekippe vun der Premier League hunn och hiert Bäileed ausgedréckt.