Däitsch Police hëlt Mann fest, dee viru Verkéierskontroll geflücht ass

© ALEXANDER POHL / NurPhoto / NurPhoto via AFP
E Sonndeg de Mëtteg hat déi däitsch Bundespolizei eng Kontroll zu Roth an der Our direkt hannert der däitscher Grenz gemaach.
Ee Chauffer wollt sech allerdéngs net kontrolléiere loossen. Wéi d'Beamten hien ugewisen hunn, sech an d'Waardeschlaang fir kontrolléiert ze ginn, anzereien, ass hie mat héijer Vitess an Direktioun Lëtzebuerg fortgefuer. Déi däitsch Beamten hunn doropshin hir Lëtzebuerger Kolleegen informéiert, déi vun der Bollenduerfer Bréck aus d'Verfolgung vum Gefier opgeholl hunn.
Schliisslech si Beamte vun der Lëtzebuerger Police bei de flüchtege Chauffer heem gefuer an hunn do mat dësem senger Fra geschwat an hir d'Situatioun erkläert. Dës huet hire Mann doropshin um Telefon iwwerriet, sech der Police ze stellen an hien huet sech dunn och op der Grenz op der Bollenduerfer Bréck festhuele gelooss.
Éischten Erkenntnisser no hat de Mann kee valabele Fürerschäin a stoung bei senger Flucht ënner Drogenafloss.