De Jean Tiberi war 1995 nom frësch gewielte President Jacques Chirac de leschte Buergermeeschter vun der Droite an der franséischer Haaptstad.

2001 war et dunn d'Defaite géint de Bertrand Delanoë.

De Jean Tiberi war 23 Joer laang Deputéiert a 25 Joer Buergermeeschter vum 5. Arrondissement tëscht 1983 an 1995 an 2001 an 2014.

Seng laang politesch Carrière war awer net ouni Feeler. Hie gouf 2013 zu 10 Méint Prisong mam Sursis verurteelt, Amende vun 10.000 Euro an 3 Joer net kënnen eligibel sinn, well hien 1995 an 1997 erfonnte Wieler op d'Lëschten ageschriwwen hat. Och seng Fra Xavière ass zu 9 Méint Prisong mam Sursis a 5.000 Euro verurteelt ginn.

Hien ass en Dënschdeg mat 90 Joer gestuerwen.