Fréiere syresche Giischtjen a Rheinland-Pfalz festgeholl

© AFP Symbolbild
De Fahad A. war a Syrien als Giischtjen u Folterunge bedeelegt. Hie gouf elo a Rheinland-Pfalz gepëtzt.
De Procureur général vu Karlsruhe reprochéiert him ënner anerem Mord, Folter an aner Verbrieche géint d'Mënschlechkeet. Vun Abrëll 2011 bis Abrëll 2012 soll hien am Al-Khatib-Prisong an der syrescher Haaptstad Damaskus geschafft hunn. Dëse Prisong gëtt vum Geheimdéngscht bedriwwen.
De Fahad A. wier u wäit méi wéi 100 Verhéier bedeelegt gewiescht, heescht et. Gefaangener wieren dobäi kierperlech schwéier mësshandelt ginn, zum Beispill duerch Stroumschléi oder Schléi mat Kabelen. Hien hätt och Freed dru gehat, d'Prisonéier nuets ze drangsaléieren, andeems hie si um Plaffong opgehaangen oder kaalt Waasser iwwert si geschott hätt. An onbequeeme Positioune stonnelaang hocken ze bleiwen, wier eng aner vu senge beléifte Foltermethode gewiescht. Op d'mannst 70 Gefaangener wieren un de Suitte vun esou Mësshandlungen an de katastrophalen Konditioune gestuerwen.
En Dënschdeg wier de gesichte Syrer de Beamte vum Bundeskriminalamt zu Primasen festgeholl ginn. Hie koum och direkt virun den Ermëttlungsriichter vum Bundesgeriichtshaff, deen en direkt Mandat d'arrêt géint hien ausgesat huet.
Et ass déi éischt Festnam an Däitschland wéinst vun a Syrien begaangener Folter. Am Januar 2022 hat d'Oberlandesgericht Koblenz an engem weltwäit éischte Prozess wéinst Staatsfolter a Syrien e fréiere Geheimdéngschtmataarbechter zu liewenslaangem Prisong verurteelt. Virum Oberlandesgericht Frankfurt am Main muss sech donieft nach de syreschen Dokter Alaa M. veräntweren.Hie soll an engem Arméispidol an am Prisong vum Militärgeheimdéngscht am syreschen Homs Gefaangener gefoltert an hinnen schwéier Schied ugedoen hunn. Hei soll d'Urteel de 16. Juni falen.