Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz huet bei engem Besuch a Finnland iwwer d'Thema vun de Waffeliwwerungen un d'Ukrain geschwat.

Dobäi huet den CDU-Politiker och iwwer Aschränkunge bei der Reechwäit vu Waffe geschwat. Dëst hätt "virun e puer Méint a Joren emol eng Roll gespillt", ma dës Oplagen hätten déi westlech Länner antëscht opginn. "Et gëtt keng Aschränkunge vun der Reechwäit méi fir Waffen, déi un d'Ukrain geliwwert gi sinn. Weder vun de Britten, nach vun de Fransousen, nach vun eis, a vun den Amerikaner och net", esou de Merz e Méindeg.

Elo huet de Bundeskanzler dës Aussoen awer liicht relativéiert a gesot, hien hätt domat just beschriwwen, wat an der Praxis esou oder esou scho géing geschéien. Dem Merz seng Remarken hate Spekulatiounen ausgeléist, datt Däitschland elo awer kéint Laangstreckewaffe vum Typ Taurus un d'Ukrain kéint liwweren. De fréieren SPD-Bundeskanzler Olaf Scholz hat dat nach refuséiert, ma de Friedrich Merz hat zu där Fro nach net kloer Stellung bezunn. Dat wäert sech warscheinlech awer och net änneren, well déi däitsch Regierung aus strategesche Grënn net méi genee wëll oplëschten, wéi eng Waffesystemer geliwwert ginn, esou de Merz.

RTL

E sougenannten "Taurus-Marschflugkörper".

Däitsche Medieberichter no ass eng Liwwerung vun Taurus-Systemer un d'Ukrain awer onwarscheinlech. Ukrainesch Zaldote missten um System ugeléiert ginn an an der Laangstreckewaff sinn amerikanesch Stécker verbaut. Däitschland misst also eng Erlabnis fir d'Liwwerung aus den USA kréien. D'Thema wier deemno vum Dësch, schreift Süddeutsche Zeitung a berifft sech op Regierungskreesser.