Bei der Verdeelung vun Hëllefsgidder zu Rafah hunn dausende Leit den Zenter vun der neier Hëllefsorganisatioun Gaza Humanitarian Foundation gestiermt.

Ee Dag, nodeems déi privat Hëllefsorganisatioun Gaza Humanitarian Foundation (GHF) mat hirer Aarbecht ugefaangen huet, ass et an engem Zenter fir Hëllefsgidder am Süde vum Land zu chaoteschen Zeene komm. Wéi eng AFP-Journalistin mellt, hunn dausende Leit den Zenter zu Rafah gestiermt. En UN-Spriecher huet vun "häerzzerräissenden Zeene" geschwat an e "räsonabele Plang" bei der Verdeelung vun Hëllefsgidder gefuerdert.

De GHF huet erkläert, datt d'Mënschemass virum Zenter zu Rafah sou grouss gewiescht wier, datt d'Mataarbechter vun der GHF op d'Säit gaange wieren, fir enger "klenger Unzuel vun Awunner vun der Gazasträif" et z'erméiglechen, Hëllefsgidder sécher entgéintzehuelen. Den normale Betrib wier nom Virfall awer séier nees opgeholl ginn.

D'Hëllefsorganisatioun huet iwwerdeem der Hamas reprochéiert, mat Blockade fir Retarde vun e puer Stonne bei der Verdeelung vun den Hëllefsgidder gesuergt ze hunn. D'Hamas huet hirersäits vun enger "tragescher Zeen" mat "dausenden hongerege Mënsche" geschwat.

Aussoe vun der israeelescher Arméi no hunn Zaldoten am Gebitt ronderëm de Verdeelerzenter Warnschëss an d'Loft geschoss. Deemno hätten d'Zaldoten d'Situatioun ënner Kontroll bruecht, d'Sécherheet vun de Membere vum Militär wier net a Gefor gewiescht. Et géing domat gerechent, datt d'Verdeelung vu Liewensmëttel "wéi geplangt weidergefouert" géing.

En Awunner vun der Gazasträif sot, hien hätt mat "honnert Bierger" an enger Schlaang beim Zenter gestanen, wéi bemol eng grouss Mass u Mënschen ugefaangen hätten ze drängelen. D'Mënschen hätte "probéiert, eranzekommen, fir ze huelen, wat si konnten". Iergendwa wiere Schëss gefall, wouropshin d'Mass sech geléist huet.

D'GHF hat e Méindeg den Owend matgedeelt, datt ee mat der Aarbecht ugefaangen hätten. Der GHF no goufe bis ewell 8.000 Liewensmëttelkëschte verdeelt ginn, wat enger 462.000 Molzechten entsprieche géing.

D'Organisatioun huet der Hamas ausserdeem virgeworf, "Doudesmenacë" géint d'Hëllefsorganisatiounen ausgeschwat ze hunn, déi bei der Verdeelung vun Hëllefsgidder vun der GHF hëllefen. Doriwwer eraus géing déi islamistesch Organisatioun Awunner vum Palästinensergebitt den Accès zu Hëllefsliwwerunge verspären.